An ëmmer méi Länner gi Leit wéinst Stealthing verurteelt. Hei gëtt och vill iwwer de Lien mat Vergewaltegung geschwat.

Stealthing ass wann ee beim Sex de Kondom ausdeet ouni dass déi aner Persoun et matkritt. Mëtt Mäerz gouf et an Holland dat éischt Urteel zum Stealthing. E 28-järege Mann huet sech schëlleg bekannt. De Mann krut 3 Méint Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 1.000 Euro. D’Begrënnung war dass de Mann seng Partnerin a Gefor bruecht huet: si hat sech nämlech kënne mat sexuell iwwerdrobare Krankheeten ustiechen, an/oder ongewollt schwanger ginn. Et gouf awer festgehalen dass et keng Vergewaltegung war.

Lauschtert eran!

Esou Urteeler goufen et schonn an Däitschland, an der Schwäiz an Neiséiland. An Kalifornien war 2021 den éischten US-Bundesstaat, dee Stealthing verbueden huet.

Mee wéi ass et dann iwwerhaapt zu Lëtzebuerg? An enger parlamentarescher Äntwert vun 2021 hat d’Justizministesch Sam Tanson iwwer Stealthing am Grand-Duché geschwat.

De Phenomen wier och bei der Police Grand-Ducale bekannt, et géif een dësen awer net an de Statistiken erëmfannen, well et keng präzis strofrechtlech Qualifikatioun gëtt, et wier nämlech e seelene Phenomen.

Stealthing ass zu Lëtzebuerg keng juristesch Notioun an ass net am Code penal. Dat heescht awer och net dass et keng Sanktiounen dofir ginn. Hei kann also eng Persoun bestrooft ginn. Zum Beispill wann d’Partner sech eens waren dass e Kondom benotzt sollt ginn an ee vun hinnen dësen ausdeet ouni eng Zouso ze kréien. Keng Zoustëmmung ass nämlech ee wichtegen Deel vun der Bestrofung vum Viol.

Eng Persoun kann sech och strofbar maache wann se en Kondom heemlech ewechgeholl huet an duerno e Partner mat enger sexuell iwwerdrobarer Krankheet ugestach huet.