A Schweden si scho vill 15-Järeger mam Auto ënnerwee. Ass dat dann legal a wéi ass dat méiglech?

Virun allem um Land si vill Jonker a Schweden mam Auto ënnerwee an dat net mat klenge spezielle 50 CCM-Autoen, mee mat ganz normale Standard Autoen. Do freet een sech wéi ass dat dann iwwerhaapt méiglech? Well och a Schwede kann een de B-Führerschäin, also de Führerschäi fir den Auto réischt mat 18 Joer maachen.

Hei gëtt et een alt Gesetz, dat et erméiglecht scho mat 15 Joer mam Auto duerch d'Géigend ze tuckeren, well dës Autoe sinn nämlech gedrosselt. Also een dee mat esou engem Auto wëll ënnerwee sinn, muss op mannst 15 Joer al sinn an de Führerschäi fir 50 CCM'en hunn. Des Weidere muss eng Drossel agebaut sinn an et muss een hannen um Auto ee grousse roude Warndräieck hunn. An d'Autoen déi esou gedrosselt goufe ginn dann als sou genannten A-Trakteren agestuuft.

Och wann dat e bëssi skurril kléngt ass dat Ganzt an deene leschte Joren zu engem richtegen Trend ginn. Ronn 40.000 bis 50.000 där sou genannten Traktere sinn aktuell ugemellt. Zemools um Land, well hei si vill kleng Dierfer net gutt ugebonnen an esou sinn déi Jonk méi flexibel fir sech ze beweegen. Fir esou Kolleegen ze gesinn oder fir d'Elteren akafen ze goen oder fir an d'Schoul ze kommen.

Mee wéi ass et dann zu dësem Gesetz komm?

An der éischter Hallschent vum 20 Joerhonnert waren Trakteren extreem deier an dofir schwéier ze kréien. A wëll dës awer op de Bauerebetriber gebraucht goufen, huet d'Regierung deemools een neit Gesetz agefouert fir dësem Manktem entgéint ze trieden. Dat heescht méi genee, dass d'Regierung et hirer Bevëlkerung erlaabt huet selbstgebauten Trakteren ze notzen. Oft goufen esou Trakteren aus alen Autoe gebaut. Et goufen och just e puer Oplagen, déi bis haut net geännert goufen. Esou duerft den Trakter keng Réckbänk hunn, muss ganz lues fueren a muss mam Warndräieck ekipéiert sinn. Nämlech soll direkt op Distanz erkennbar sinn, dass et sech hei ëm ee luest Gefier handelt.

Hautzedaags ginn awer modern Autoe geholl an déi ginn dann a sougenannten Tunning-Garagen ugepasst.

Lauschtert hei de ganze Reportage.