Den 31. Mäerz ass de Career Opportunity Day dee vun der ANESEC (Associatioun vun de lëtzebuergeschen Ekonomie- a Business Studenten) organiséiert gëtt.

Mir haten d’Organisateure vum Career Opportunity Day am Interview. Dësen Dag gëtt nees an der Chambre de Commerce um Kierchbierg organiséiert. Ekonomie a Business-Studente kënnen um formellen Networking-Event deelhuele fir Leit aus dem Banken, Finanzen, an Consulting-Secteur kennenzeléieren an dobäi eppes Klenges z’iessen an ze drénken.

Lauschtert eran!

Ënner anerem gëtt eng Table Ronde mat Experten a Riedner organiséiert. D’Thema vun dësem Joer ass Digitaliséierung, virun allem am Bankeberäich. De President vun der ANESEC, Cheuk Man Lam huet weider praktesch Infoen: d'Umeldung ass gratis fir d'Studenten. Den Ufank ass um 13h30 an d'Event dauert bis 18h00/19h00.

De Career Opportunity Day ass dann an zwee Deeler opgedeelt: Den éischten Deel ass eben eng Table Ronde bei där zum Beispill d'Finanzministesch Yuriko Backes zu Wuert komme wäert mee och weider Acteuren an Experten aus de genannte Beräicher.

D’Zil vum Career Opportunity Day ass et dass d’Studenten sech vun hirer beschter Säit weise fir hir Zukunft virzebereeden a Kontakter ze sammelen: ënner anerem kënnen se och Fotoe fir hiren CV maache loossen. Dat wier interessant fir Studenten, déi e Stage oder eng Aarbecht sichen. Um Enn vum Event kann een och bei den ANESEC-Stand goe fir e Certificat de participation ze kréien.

D’Ekonomie a Business-Studenten déi matmaache wëllen, sollen sech gratis um Site vun der ANESEC umelle well d’Demande zimmlech grouss ass. Weider Infoen fënnt een och op hirem Linkedin-Profil.