
© Pexels
An enger Schoul an Dresden dierfen d'Schüler an d'Schülerinne selwer hier fräi Deeg decidéieren. Dat heescht hei gëtt et Congé a Plaz vu Vakanz.
D'Konzept vum Projet "Universitätsschule" ass folgendermoossen: d'Schüler an d'Schülerinnen hunn e bëssi méi wéi 40 Congésdeeg ze gutt an déi dierfen si selwer bestëmmen. Allerdéngs mussen si déi a Bléck huelen an dierfen net reegelméisseg eng Schoulwoch op 4 Deeg verkierzen a si mussen op mannst zwee Mol zwou Wochen oder ee Mol dräi Wochen um Stéck Vakanz maachen.
Hannergrond ass, dass e Kanner a Jonker ënnerschiddlech vill Zäit brauche fir ze léieren. Wéi Etuden aus Däitschland nämlech gewisen hunn, verléiere Schüler a Schülerinnen, virun allem aus sozioekonomesch benodeelegte Familljen, dat meescht vun de geléierte Sujeten an deene 6 Woche Summervakanz. De Léierprozess kann an e sou engem laangen Zäitraum bis zu engem hallwe Joer zeréckgesat ginn. An dowéinst ass ee steierbare Congé een zentraalt Element vun dësem Schoulprojet.
Et ginn och Wochen an Deeg, déi si vun der Schoul als fräi Deeg festgeluecht. Méi genee sinn domat Feierdeeg gemengt an et gëtt och eng Rouwoch iwwer Chrëschtdag. Des Weidere brauch d'Léierpersonal eng Woch Virbereedungszäit am Summer. Dat heescht hei hunn d'Schüler an d'Schülerinnen och fräi. Op all deenen aneren Deeg dierfen d'Kanner selwer decidéieren.
Grondsätzlech decidéieren awer d'Eltere wéini hiert Kand sech Congé kann huelen. Nieft dem Congé dee Schüler a Schülerinne selwer dierfe festleeën, mussen si esou och léieren hier Aarbechtszäit selwer ze organiséieren. Dat heescht si gi vun Ufank u vill méi eegestänneg mat hirem Zäitmanagement ëm. Well och wann si Congé dierfen huelen, mussen si hier Aufgaben a Projeten ofginn an op bestëmmten Deeg dierfen si sech net fräi huelen. Dat zum Beispill wann een Test oder eng Prüfung usteet.