Eng Petitioun krut an deene leschte Woche ganz vill Ënnerschrëften an huet esouguer de Seuil vun den 10.000 Ënnerschrëften iwwerschratt.

Domat ass et quasi sécher dass se an der Chamber debattéiert gëtt. A mir hunn en Interview mam Petitionär Ardacan Keten gemaach. An der Petitioun geet et drëms dass Jonggeselle manner Steiere solle bezuele well si am Verglach zu bestuete Persoune benodeelegt géife ginn. Wéi ass iwwerhaapt d’Iddi bei him opkomm esou eng Petitioun ze starten?

Ufank Februar huet hie mat engem Aarbechtskolleeg iwwer Salairë geschwat, si zwee verdénge plusminus dat selwecht Brutto, mee säin Aarbechtskolleeg, dee bestuet ass, kritt netto 300 Euro méi pro Mount wéi hien.

Lauschtert hei de Livetake iwwert den Interview mam Massimo a Mara

D’Zil vu senger Petitioun ass virun allem dass d’Leit méi fair behandelt gi wann se Steiere bezuelen. De But ass et dass jiddereen um selwechten Niveau ass an dass jiddereen d’selwecht Steiere bezilt. Senger Meenung no wier et net normal dass Jonggeselle méi bezuele sollen.

Mee iwwer 10.000 Ënnerschrëften si jo awer ganz vill. Wéi huet de Petitionär dann op de Succès reagéiert? Hie war éierlech erstaunt mee awer och net sou vill well et e Sujet ass deen dacks diskutéiert gëtt an dat géif d'Wichtegkeet vun der Debatt weisen, soss géif warscheinlech all Joers nees esou eng Petitioun opdauchen. De Succès vun der Petitioun géif beweisen dass vill Leit betraff wieren an averstane wieren, egal ob se Jonggeselle sinn oder net.

Virun allem fënnt de Petitionär dass den aktuelle Steiersystem zu Lëtzebuerg net méi aktuell ass, well d’Gesellschaft net méi déi selwecht ass wéi viru Joerzéngten. Deemools huet sech nach vill méi ronderëm d’Bestuede gedréint. De Leit hir Prioritéit wier elo hir Karriär an d’Leit wéilten sech net méi ganz jonk bestueden. De Petitionär lieft eleng a muss seng Chargen eleng bezuelen.

Iwwregens huet de Petitionär en Opruff gemaach. Bis ewell hat hien nach keng Leit fonnt, déi hie bei der ëffentlecher Debatt begleede wéilten. Falls een intresséiert wier, kéinten dës Persounen sech mat him zesummendoen an en Dossier virbereede fir d’Debatt.

En Datum fir d’Debatt gëtt awer nach keen, et kann een nämlech nach ëmmer d’Petitioun ënnerschreiwen.