
© BRYAN OLIN DOZIER / NurPhoto / NurPhoto via AFP
De Willow Project suergt an den USA aktuell fir vill Kritik. Wat ass dat eigentlech a wisou sinn esou vill Leit dogéint?
Den US-President Joe Biden huet den 13. Mäerz den ëmstriddene Willow Project ugeholl. Hei handelt et sech ëm e groussen Ueleg-Buer-Projet an der Regioun North Slope am US-Bundesstaat Alaska. Dëse gëtt vun der Energiefirma ConocoPhillips duerchgefouert a soll op dräi Plazen am Nationale Pëtrol-Reservat lokaliséiert ginn. An deenen nächsten 30 Joer solle ronn 600 Barrel Petrol gefërdert ginn. Dat entsprécht 95 Milliarde Liter.
Dat ass natierlech eppes wat de Klima-Aktiviste guer net gefält. Ënner anerem op TikTok ass den Hashtag #stopthewillowproject ganz beléift bei jonke Leit. Kritik ass virun allem dass d’Pëtrol-Fërderung e ganz negativen Impakt op d’Klima an op d’Natur an der Ëmgéigend wäert hunn.
An hir Suerge kommen net vun näischt well gerechent gouf dass de Willow Project an den nächsten 30 Joer kéint 280 Milliounen Tonnen Zäregase fräisetzen. Dat wier natierlech ganz schlecht fir d’Klima.
D’Géigenargument vun der Supporter vum Willow Project ass et dass domat Aarbechtsplaze kreéiert ginn. Esou géif déi lokal Ekonomie ugekuerbelt ginn. Et wier een dann och vun auslänneschem Pëtrol onofhängeg.
An deem Kontext si vill Petitioune géint dëse Projet entstanen. Et kann een sech deemno och froe wisou den amerikanesche President deem Projet zougestëmmt huet. Et wier am Fong e Kompromëss gewiescht well am Ufank 5 Buer-Lokalisatioune virgesi waren, an et dann elo just nach 3 wieren. D’Energiefirma ConocoPhillips huet och gülteg Pachtkontrakter also dierf si bueren.
Ëmweltorganisatiounen hunn dowéinst eng Plainte gemaach mee et ass net kloer wat dobäi erauskomme wäert.