
© Eldoradio
Mam Motto «eis Visioun fir är Zukunft» verspriechen 8 Schüler Uerdnung an d’Liewen ze bréngen!
Falls der grad net bei ärem Büro oder ärem Nuetsdësch sëtzt, da stellt iech dës Plaze mol vir. Gesitt der Uerdnung oder éischter «hei e puer Saachen, do e puer Kabelen an dertëscht fliegende Blätter»? 8 Schüler:innen aus dem Lycée Michel Lucius wollten dem Chaos en Enn bereeden an hu sech dofir e ganz spezielle Produit afale gelooss: Eng Docking Station aus héichwäertegem Holz. Fir dëse Produit ze designen hunn déi Jonk sech zesumme gesat a mat hire smart pencils drop lass gezeechent a gebrainstormed, dat awer net ouni Pencil-Verloschter. Wärend dem kreative Prozess sinn esou vill vun de Stëpp verluer gaangen a Stëfter beschiedegt ginn, dass se sech decidéiert hunn och an deem Beräich eppes ze designen, dat de Produit vun de Pencils u sech schützt an doduerch fir méi Uerdnung am Liewe suergt: Apple Pencil Cases.
Wärend se sech fir d’Docking Station professionell Hëllef bei engem Schräiner gesicht hunn, deen hire Prototyp weider entwéckelt a produzéiert huet, baue se d’Pencil Cases mat Placken an der Schoul. D’Docking Stations ginn nodeems se vum Schräiner kommen och zréck an d’Schoul, wou se da vun deene Jonke mat Ueleg behandelt ginn. Ausserdeem kënnt bei béide Produiten dann nach de Laser an den Asaz fir eng perséinlech Gravur, wann een dat wëllt.
Wichteg ass der Mini-Entreprise virun allem d’Material an och d’Hierkonft dovun. Vun de Produiten, bis zum Verschaffen, bis zu der Verpackung soll alles esou ëmweltfrëndlech a lokal wéi méiglech oflafen. Donieft schaffen déi Jonk mat enger Entreprise zesummen, déi fir all 5t Vente e Bam an hirem Numm planzt.
De Präis fir d’Docking Station läit bei 79,99€, bei den Apple Pencil Cases bezilt een 12,99€.
Ausserdeem géifen d’Schüler:innen aktuell un engem weidere Produit schaffen, méi wollte se awer dozou nach net verroden, do musst der der Entreprise scho selwer followen an up to date bleiwen.