
© Youtube Screenshot
Neien Update vum Spill "Ghostwire Tokyo"
Et ass een ëmmer erëm iwwerrascht, wann een a senger Update Lëscht op eemol den Numm vun engem Spill gesäit, un dat een zënter enger gudder Zäit net méi geduecht huet.
Sou ass et mir op alle Fall gaangen, wéi ech den Numm "Ghostwire Tokyo" op menger Playstation liichte gesinn hunn.
An tatsächlech ass den 11. Abrëll en gratis Update erauskomm, deen et méi wéi verdéngt huet ernimmt ze ginn : mat "Spider’s Thread" krut d‘Spill nämlech net nëmmen en Update vun der Campagne, mee e ganz neie Spillmodus verpasst.
Vue dass "Ghostwire Tokyo" gratis fir all Besëtzer vum Playstation Plus Premium Abo an dem Xbox/PC Gamepass ass, kënnt dësen Update grad richteg fir all Spiller, déi et beim Release eventuell iwwersinn haten, et nach ni fäerdeg gespillt hunn oder einfach an der Laun si fir en zweete Playthrough.
Fir all déi aner, hei eng méi ausféierlech Erklärung :
Bei Ghostwire Tokyo schlüpft dir an d’Roll vum Akito, engem jonke Mann, deen sech zu Tokyo befënnt wéi op eemol en iwwernatierlechen Niwwel duerch d’Stad zitt an all d’Mënsche verschwanne léist. Dem Akito bleift dat Schicksal erspuert, well en kuerz virdru vum Geescht vum KK, engem, soe mir mol, "Spirituellen Detektiv", besiess gëtt. De KK erkläert dem Akito, dass den sougenannten Hannya hannert dem Niwwel stécht, dee probéiert mat de Séile vun den absorbéierte Mënschen eng Bréck tëscht der Welt vun den Liewegen an den Doudegen ze schaffen an sou seng verstuerwe Fra an Duechter erëm ze erwächen.

© Youtube Screenshot
Fir dësem iwwele Gesell d’Handwierk ze leeën, gëtt de KK dem Akito verschidde Pouvoiren, déi op den Elementer opgebaut sinn. Sou kann een als Spiller z.B. déi verschidden Dämonen déi een an den Stroossen vun Tokyo begéint mat Féier, Waasser a Wand Attacke beaarbechten, oder awer divers Talismaner mat offensiven an defensiven Effekter benotzen.
Och wann déi allgemeng Spillmechanik no enger Dose Stonnen ufänkt, liicht repetitiv ze ginn, sou huet Ghostwire Tokyo op alle Fall eng aussergewéinlech Atmosphäre: déi eidel Stroossen vun Tokyo, an enger endloser Nuecht gefaangen, beliicht nëmme vun den Neons-Luuchte ronderëm, hunn eppes extrem Faszinéierendes u sech. Engersäits wierkt alles roueg, bal schonn entspanend, an awer fillt een sech beobacht, well op all Eck e neit Monster waarde kéint.
Donieft bitt Ghostwire Tokyo e puer vun den beschten Niewemissiounen un, déi ech rezent an engem Videospill gesinn hunn. Besonnesch Fans vun der Japanescher Mythology wäerten hei voll a ganz op hier Käschte kommen. Duerch den neien Update goufen der Campagne wéi gesot och eng ganz Rëtsch Saache bäigefüügt, dorënner z.B. en verfluchte japanesche Lycée - en Muss fir all Horror-Anime.

© Youtube Screenshot
De Spider’s-Thread Modus dogéint ass komplett ofgespléckt vun der Campagne. Et handelt sech dobäi éischter ëm eng Aart Arena, an där een an 30 Levele konstant méi schwéier Aufgaben erfëllen a Géigner bekämpfe muss. Vue dass vu ville Spiller déi normal Campagne als e bëssen ze einfach agestuuft gouf, ass dat heiten eng gutt Challenge fir all déi, déi hier Elementar Fäegkeeten op d’Prouf stelle wëllen.
"Ghostwire Tokyo : Spider’s Thread" ass op alle Fall derwäert, fir dëse Weekend e puer Stonnen dran ze investéieren, besonnesch well et lo och fir Xbox Spiller gratis ass.