
© Martin BUREAU / AFP
An den Ofschlossklasse fänkt d'Examenszäit elo nees un a fir verschidde Léit ass dat eng extreem stresseg Zäit, wouduerch et zu Denkblockade ka kommen.
Denkblockade kënnen duerch Stress ausgeléist ginn an dozou kann et a schrëftleche wéi och mëndleche Prüfungen oder Exame kommen. Mee genee fir esou Fäll sinn hei e puer Tipps, wat een dogéint ka maachen.
A schrëftleche Prüfungen oder Exame kann et hëllefen eng Mindmap ze zeechnen. Esou kann een all seng Gedanken zu engem Thema opschreiwen an doduerch zortéieren. An wann d'Gedanke mol geuerdent sinn, kënnen engem weider Gedanken zu engem Thema afalen. Esou wéi ee Mini-Brainstorming mat Inhalt, deen een eigentlech weess, mee deemno wéi vergiess huet an der Stresssituatioun. Visuell fält et engem deemno wéi nees an, well een et wuertwiertlech virun den Aen huet. Da kann een nach kuerz seng Gedanken an Ängschten opschreiwen, fir dës esou ze soe lass ze ginn. Des Weidere soll een sech nach op seng Ootmung a säi Kierper konzertéieren, fir esou seng Gedanken op eppes aneschters ze fokusséieren an esou dee negative Blackout lass ze ginn an sech net op deem fest ze halen. An da kann een nach op kleng Ritualer zeréckgräifen. Zum Beispill kann een hei säi Liblingssoftgedrénks apaken an dovu reegelméisseg eng Schlupp drénke fir sech esou mat Klengegkeete wuel ze fillen.
Bei engem Blackout an enger mëndlecher Prüfung kann et hëllefen ze froen, dass de Proff d'Fro widderhuele soll oder d'Fro nei ze formuléieren. Domat fënnt een seng Gedanke vläicht besser erëm. Et soll een och keng Angscht hu selwer eng Fro ze stellen. Wann een d'Fro net verstanenen huet, se awer vläicht kéint beäntweren, hëlleft et eng Géigefro ze stellen, fir den Denkprozess an eng bestëmmte Richtung unzereegen. Et soll een och froe fir Thema kënnen ze wiesselen a fir méi spéit nach eemol op déi Fro kënnen zeréck ze kommen. Nëmme well een et de Moment vergiess huet, kann et engem dono awer ëmmer nach am Laf vum Gespréich afalen. A wat och hëllefe ka fir sech seng Gedanken ze sammelen, si kleng Pausen. Hei vläicht froen ob een dierf d’Fënster op maachen oder eng Schlupp Waasser drénken.
An zu gudder Lescht ginn Daume fest gedréckt an et soll een ëmmer u sech selwer gleewen, da packt een och d'Examenszäit a Prüfungszäit.