
© Youtube Screenshot
Cyberpunk 2077 hat beim Launch vill technesch Problemer.
Bei enger rezenter Table Ronde déi vum renomméierte Magasinn "PC Gamer" organiséiert gouf, huet de Pawel Sasko, den Haapt-Quest-Designer bei CD Projekt Red ("The Witcher", "Cyberpunk 2077") sech iwwert déi stänneg steigend Komplexitéit vun Triple-A Spiller beschwéiert.
"PC Gamer" hat kuerz virdrunner en Editorial mam Titel: "The Cinematic BioWare-Style RPD is dead, it just doesn’t know it yet" verëffentlecht, op deen de Sasko reagéiert huet.
Senger Meenung no ënnerschätze vill Leit den Opwand, dee Spiller mat den aktuellen technesche Viraussetzunge mat sech bréngen.
Hie verweist notamment drop, dass Si als Entwéckler bei engem Spill wéi dem "Witcher 3" nach op eng ganz Rëtsch "Tricker" zeréckgräife konnten, wéi z.B. "Fade to Blacks", bei deenen de Bildschierm einfach kuerz schwaarz gëtt, oder d’Méiglechkeet bei engem Zeenewiessel Objet ze spawnen oder ze de-spawnen.
"Dat sinn alles Saachen déi bei Cyberpunk 2077 z.B. net méiglech waren. Do ginn et keng Schnëtter méi, keng schwaarz Bildschiermer - et ass een de ganzen Zäit am V sengem Kapp."

© Youtube Screenshot
Weider seet hien, dass duerch déi méi héich Komplexitéit, d’Käschte vun esou Spiller och exponentiell an d’Luucht gaange sinn.
"Mir lafe riicht op eng Mauer duer an iergendwann knuppe mer dran!" sou de Sasko.
D’Spiller hautzedaags missten sech bewosst ginn, dass et eng Limitt gëtt, wéi cinematesch Spiller an Zukunft kéinte sinn, fir iwwerhaapt nach rentabel fir d’Studioen ze bleiwen.