Obwuel "Horizon - Forbidden West" knapps méi wéi ee Joer dobaussen ass an de Sequel "Burning Shores" souguer eréischt d'lescht Woch verëffentlecht gouf, huet Guerilla Games lo quasi bestätegt, dass en neit Spill an der Serie schonn an Entwécklung ass.

An enger offizieller Noriicht vum 24. Abrëll, an der och annoncéiert gouf, dass den Angie Smets, dee wärend 20 Joer Guerilla Games mat geleet huet, de Studio verloosse wäert fir en neie Poste bei Playstation Studios unzetrieden, stoung nämlech och: "Mir hunn absolut Vertrauen doranner, dass eis nei Direktioun Guerilla an eng gutt Zukunft féiere wäert, an där mir d’Welt vun Horizon mat dem Aloy senger neister Aventure an eisem spannenden Online-Projet weider ausbaue kënnen!"

Engem drëtten Horizon Spill steet also wéi et schéngt näischt am Wee. En zukünftegt Online-Spill an der Serie gouf jo ewell schonn am Dezember d’lescht Joer an engem Tweet annoncéiert.
Fir all Fans vum Aloy sinn dat sécherlech Grënn fir sech ze freeën!