Berichter no gouf d’Acquisitioun vun Activision Blizzard duerch Microsoft a Groussbritannien fir de Moment op Äis geluecht.

Mir erënneren eis: ufanks d'lescht Joer hat den Deal, bei deem Microsoft d'Videospill Gigant Activision Blizzard ("Call of Duty", "Overwatch") fir bal 70 Milliarde kaf hat, fir Schlagzeile gesuergt.
D’Fro gouf gestallt, ob dann esou populär Spill-Serië wéi eben "Call of Duty" an Zukunft nëmmen nach op der Xbox, respektiv dem Computer spillbar wieren.

Blockéiert gouf dësen Deal lo a Groussbritannien vun der "Competitions and Markets Authority" (kuerz "CMA").
De Grond dofir ass nawell iwwerraschend: ausgerechent Cloud-Gaming schéngt der Administratioun en Dar am Aen ze sinn.
"Dësen Deal wäert d'Zukunft vum Cloud-Gaming Marché staark beaflossen, wat manner Innovatioun a manner Choix fir d'Spiller a Groussbritannien an den nächste Jore mat sech brénge kéint."
Des Weidere behaapt d'CMA dass hiren Informatiounen no, Microsoft all Interêt hätt, fir verschidde Spiller an Zukunft just op hiren eegene Cloud-Plattformen unzebidden, obwuel Microsoft scho gesot huet dat géif net geschéien.

Souwuel de Bradfort Smith, President vu Microsoft, wéi och de Bobby Kotick, CEO vun Activision Blizzard, hunn schonn ugedeit, dass si géint déi Decisioun an Appell wäerte goen.