
© Pixabay
Wat gëtt um 1. Mee gefeiert? A wat fir Traditioune gräifen op deem Dag?
Den 1. Mee gëtt och nach den Dag vun der Aarbecht genannt. An dësen Dag ass a ville Länner weltwäit ee gesetzleche Feierdag. Esou och hei zu Lëtzebuerg.
Firwat gëtt et dësen Dag?
Op dësen Dag kënnt et traditionell zu groussen Demonstratioune vun deene verschidde Gewerkschaften. Dësen Dag mécht sech nämlech fir d'Employéeë staark a wëll op Mëssstänn a Verbesserungsméiglechkeeten opmierksam maachen.
Mee vu wou kënnt dëse Feierdag dann eigentlech?
Den 1. Mee am Kontext mat der Aarbechterbeweegung léist sech bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert zeréck féieren. Hei koum et ënner anerem a Nordamerika an an Australien zu Massestreiker fir een Aacht-Stonnen-Dag anzeféieren. Zu dem Zäitpunkt sinn d'Léit an der Reegel nach 12 Stonnen den Dag schaffe gaangen. An dës Protester sinn den 1. Mee ofgehale ginn. Och um 1. Mee 1886 hunn d'Aarbechter iwwerall an den USA gestreikt. An dat och wärend e puer Deeg. Um Owend vum 3. Mee koum et zu enger grousser Aarbechterversammlung um Haymarket zu Chicago. An hei ass et deen Owend zu enger brutaler Ausernanersetzung tëschent de Demonstranten an der Police komm. Hei sinn zwee Demonstrante gestuerwen. Een Dag drop ass et nach eemol zu enger Eskalatioun komm. Hei huet een Onbekannten eng Bomm geworf. Dobäi si 7 Poliziste gestuerwen a ronn 21 Demonstranten. Vill weider Polizisten an Demonstrante goufe blesséiert. Dräi Joer drop gouf de Kampfdag vun der Aarbechterbeweegung fir den 1. Mee an d'Liewe geruff. An dat vum Grënnungscomité vun der Gewerkschaft Zweeter Internationaler. An zanterdeem ginn um 1. Mee Massestreiker a Massendemonstratiounen op der ganzer Welt gemaach.
Ginn et um 1. Mee nach aner Traditiounen?
Mee um 1. Mee gräift och nach eng aner Traditiounen. Nämlech Traditioun vum Meekranz. An dës Traditioun gouf et laang virum 1. Mee als Dag vun der Aarbecht. Hei gëtt ee Meekranz zesumme mat der Famill, de Kolleegen oder dem Veräi geflecht. An déi ginn dann dono iwwert d'Entrée vum Haus oder vum Duerfcafé oder vum Veräinshaus gehaangen. Dëse Kranz gëtt traditionell geseent, mee dat ass och op ville Plaze schonn ewechgefall. An domat solle béis Geeschter ewech gehale ginn a gläichzäiteg gëtt déi waarm a sonneg Joreszäit agelaut.