
© Pexels
Wie kann ee wielen? Ass wielen obligatoresch? Wien dierf wielen? Déi Froe kritt dir hei beäntwert.
Den 11. Juni sinn d’Gemengewalen zu Lëtzebuerg. Bierger wielen, wien an de Gemengerot kënnt. Dës Wale fannen all 6 Joer statt.
Wien dierf da wielen? All Lëtzebuerger deen 18 Joer a méi al ass, ka wiele goen. Mee och auslännesch Residenten dierfe mat wielen. D’Lëtzebuerger sinn d’office op der Lëscht agedroen a brauchen dat net selwer ze maachen. Net-Lëtzebuerger hate bis de 17. Abrëll Zäit fir sech unzemellen.
Wiele goen ass iwwregens och obligatoresch. Ausser et ass een iwwer 75 Joer al. Wann een net wiele geet riskéiert een eng Geldstrof tëscht 100 an 250 Euro.
Et kann een och iwwer Bréifwal wielen. Wann een eng Adress zu Lëtzebuerg huet, kann een seng Demande nach bis de 17. Mee erareechen. Wann een eng Adress am Ausland huet, muss dat bis den 2. Mee gemaach ginn. Dat ass also geschwënn!
E puer Deeg virum Dag vun de Wale kritt een e Bréif heemgeschéckt an do steet wou a wéini ee wiele geet. Um Dag vun de Wale selwer dierf een seng Carte d’identité oder säi Pass net vergiessen. Da kritt ee säi Walziedel, deen ass anescht wann een an enger grousser oder klenger Gemeng wunnt.