
© Unsplash
Jorelaang goufen se als näischt aneschtes ugesi wéi Memes: Filmer, déi op Videospiller baséieren.
Et erënnert een sech do un esou Saache wéi de "Super Mario Brothers"-Film vun 1993 oder "Street Fighter" vun 1994, déi een am léifsten erëm aus senger Memoire sträiche wéilt.
Duerch e puer där Katastrophen huet Hollywood wärend Joerzéngte lo d'Fangere vu Videospill Franchisen ewech gelooss. Et war een sech quasi eens, dass déi zwee Medien, Film a Spiller, sech net gutt vermëschen. All Versuch et awer ze probéieren, wier feelgeschloen.
D'Néierlag fir "Assassin's Creed" (2016) op déi grouss Leinwand ze bréngen, sollt dës Iwwerleeung nach eemol ënnersträichen.
Rezent schéngt den Trend sech awer lues a lues ze änneren. 2018 gouf et dunn mat "Tomb Raider" e Revival vun engem bekannten Titel. Am Géigendeel zu de Filmer aus den 2000er mam Angelina Jolie, déi vu villen als éischter iwwerflächlechen Action-Kitsch ofgestempelt goufen, war d'Versioun vun 2018 mam Alicia Vikander, wann och net sou beléift, op alle Fall scho mol wesentlech méi seriö, düster, jo bal schonn erwuessen. E Film also net ausschliisslech fir Fans vun der Franchise. Mee et sollt net domadder ophalen: Mat "Arcane" an "The Witcher" goufen ausgerechent Serien iwwert zwee Videospill-Charakteren, d'Jinx vun "League of Legends" an de Geralt of Rivia vun "The Witcher", zu Netflix senge gréisste Succès'en an de leschte Joren. "Arcane" huet et souguer fäerdeg bruecht op d’Rotten Tomatoes, déi onfaassbar Bewäertung vun 100% ze erreechen.

© Youtube Screenshot
Och wann et nach ëmmer Serië ginn, déi hiert d'Zil verfeelen (ech kucken op dech, Resident Evil!) sou gëtt d'Lëscht vun de kriteschen a kommerzielle Succès'en ëmmer méi grouss:
- Detective Pikachu (79% Audience Score)
- Sonic the Hedgehog (93% Audience Score)
- Castlevania (89% Audience Score)
- Mortal Kombat (86% Audience Score)
- Cyberpunk: Edgerunners (95% Audience Score)
2023 schéngt wéi et ausgesäit en weidert gutt Joer fir des Branche ze ginn:
"The Last of Us" (89%) gouf souwuel vun de Fans wéi och vun de Kritiker héich gelueft, grad esou wéi de "The Super Mario Bros Movie" (96%). Opfälleg ass besonnesch bei dësen zwee Beispiller, dass hei ganz bekannten an héich bezuelten Hollywood-Schauspiller an den Haaptrollen ze fanne sinn.
Sou huet de Pedro Pascal, deen een aus Serië wéi "Game of Thrones" an "The Mandalorian" kennt, d’Rolle vum Joel aus "The Last of Us" iwwerholl, an d'Stëmm vum Super Mario ass kengem anerem seng wéi de Chris Pratt héchstperséinlech.
De Fait, dass esou bekannte Schauspiller, déi jo definitiv en Ruff ze verléieren hätten, sech trauen a Videospill-Adaptatioune matzemaachen, wéist, dass Hollywood rëm definitiv méi oppe fir dee Sujet ginn ass an et net méi esou stigmatiséiert ze si schéngt, wéi dat soss nach de Fall war.
D'Zukunft gesäit op alle Fall interessant aus. Net nëmme ginn déi erfollegräich Serien, wéi dann den "Witcher" oder "The Last of Us", verlängert, mee eng ganz Rëtsch nei Adaptatioune goufe schonn ugekënnegt, dorënner sou munche Fan-Favorite:
Gran Turismo, God of War, Horizon, Bioshock, Ghost of Tsushima…a villes méi.

© Youtube Screenshot
Ob d'Qualitéit vun deene Projeten dem Material op dem se baséieren, d'Rechenschaft wäert droen, ass natierlech eng ganz aner Fro. Mee duerch déi rezent Succès'e kann een sech op alle Fall mol erëm op d'mannst trauen, e bëssen Hoffnung ze hunn, dass net grad all Adaptatioun en Grëff donieft gëtt.