Den Term "Hacker" gëtt jo meeschtens mat negative Saache verbonnen. Ëmmer méi gëtt awer och iwwert den Term "etheschen Hacker" geschwat.

Den etheschen Hacker ass am Fong en Expert wat Computersécherheet an d’Sécherheet vun de Reseauen ugeet. Ëmmer méi Entreprisë stellen dës Experten a fir sech viru Cyberattacken ze schützen. En etheschen Hacker notzt nämlech seng ganz spezifesch Kompetenzen aus fir verschiddenen Organisatiounen an Entreprisen ze hëllefen hir Sécherheet ze verbesseren.

Lauschtert eran!

U sech fënnt dëse Computer-Expert e Wee fir sech a Computer Systemer eranzeschmuggelen, grad esou wéi aner Hacker. Mee an deem Fall ass et net fir eppes Negatives ze verursaachen, wéi zum Beispill privat Donnéeën ze klauen. D’Zil ass et éischter d’Sécherheet vun de Systemer ze testen. Si mussen also d’Schwaachstelle fannen a reparéiere fir dass se net vu Kriminellen ausgenotzt kënne ginn.

Dem etheschen Hacker seng Aktivitéit ass legal well et sech ëm eng Persoun handelt, déi d’Vertraue vun den Organisatiounen huet fir déi se schaffen.

An etheschen Hacker probéiert Äntwerten op follgend Froen ze fannen: wéi eng Schwächten huet de System, wéi eng Infoe wéilt e kriminellen Hacker kréien? Wat kéint en Kriminellen Hacker mat dëser Info maachen?

Am Kader vun internationale Konflikter, ginn et ëmmer méi Cyberkrimineller. Dowéinst ginn ethesch Hacker agesat fir ze probéieren dogéint virzegoen. Et ginn och ëmmer méi spezifesch Formatiounen an deem Kontext.