
© Unsplash
De Massimo huet sech den Agenda fir de Mount Mee ugekuckt a presentéiert seng Top-Picks.
Netflix :
Bridgerton ass eng vun den erfollegräichste Serien op Netflix. De 4te Mee kënnt e Spin-Off dovunner um Streamingdéngscht eraus an de Prequel dréint sech ronderëm déi legendär Queen Charlotte.
De 15te Mee kommen dann Horrorfans op hir Käschten. Am Film A Quiet Place gouf d’Welt vun Aliens iwwerrascht, déi op Geräischer reagéieren. Ee Mucks an du bass drunn…
Amazon Prime Video :
Op Amazon Prime Video kënnt den 3te Mee e richtege Klassiker eraus. The Great Gatsby mam Leonardo DiCaprio hëlt eis mat an d’Stad New York am Joer 1922, eng Zäit voller Dekadenz an extravagante Partyen.
Saw ass eng vun de bekanntsten an erfollegräichsten Horror-Franchisen iwwerhaapt. De 9ten Deel, Spiral mam Chris Rock an der Haaptroll, ass vum 16ten un um Streamingdéngscht disponibel.
Disney Plus :
De 5te Mee bréngt den Ed Sheeran säin neien Album Subtract op de Marché. Am Virfeld kënnt den 3te Mee eng Doku iwwer de Musek eraus. Se heescht The Sum of It All an hei hëlt eis den Ed Sheeran net just mat op seng bis ewell gréissten Tour mee et ginn och ganz intim Abléck a säi Privatliewen.