Broken-Heart-Syndrom heescht net dass een Häerz wuertwiertlech gebrach ass, mee hei schwätzt ee vun enger Krankheet, déi een och net ignoréiere soll.

Vill Persoune vergläiche Liebeskummer oder Trauer mat engem gebrachenem Häerz. Mee der Medezin no gëtt et dat och tatsächlech. Hei schwätzt een da vum Broken-Heart-Syndrom.

Mee wat ass dat dann eigentlech?

Medezinesch gekuckt heescht dat net, dass d'Häerz brécht. Mee dass e bestëmmten Deeler vun den Häerzmuskelen net méi schaffen. Doduerch kann d'Häerz net méi esou gutt Blutt duerch de Kierper pompelen. Op engem Ultraschall gesäit d'Spëtzt vum Häerz wéi ee Ballon aus.

Wat fir Symptomer huet een dann?

Beim Broken-Heart-Syndrom huet ee Symptomer sou änlech wéi bei engem Häerzinfarkt. Et huet ee massiv Otemnout a Péng am Broschtkuerf. Des Weideren huet een Häerzrhythmusstéierungen, Schweessausbréch an Iwwelzegkeet. Bei enger genauer Ënnersichung kann een Häerzinfarkt ausgeschloss ginn.

Wéi heefegt ass d'Broken-Heart-Syndrom?

Frae leiden däitlech méi heefeg ënnert dëser Krankheet wéi Männer. Virun allem si Fraen an der Menopaus dovu betraff. Den Duerchschnëttsalter läit hei tëschent 66 a 70 Joer. Ob et mam Hormonhaushalt ze dinn huet, deen sech an där Liewensphas verännert ass nach net erfuerscht.

Wat léist dëse Syndrom aus?

Heefeg trëtt de Broken-Heart-Syndrom op nodeems ee schwéier emotional Erliefnisser mat gemaach. Zu Beispill Liebeskummer oder den Dout vun engem wichtege Mënsch. Mee och Brutalitéiten, Mobbing an Depressioune kënnen dëse Syndrom ausléisen. Mee och ze vill positiv Erliefnisser kënnen d'Häerz iwwerfuerderen. Dat andeems ze vill Stresshormoner wéi Adrenalin entstinn.

Wéi muss een esou ee gebrachent Häerz behandelen?

D'Syndrom muss ee séier genuch behandele loossen, well de Stierflechkeetsaux läit mat 5 Prozent iwwert dem vun engem Häerzinfarkt. Selwecht wéi bei engem Häerzinfarkt krit een een Häerzkatheter. Eng medikamentéis Therapie ass nach net geséchert. Ronn 90 Prozent géifen awer ouni weidere Schued nees gesond ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage.