Mat "Redfall" huet den Entwéckler-Studio 'Arkane' hiert neiste Spill op de Marché bruecht.

Des Kéier als exklusiven Titel fir d'Xbox an de Computer. Et handelt sech dobäi ëm en FPS (First Person Shooter) bei deem ee muss als Member vun enger Elite-Trupp mat iwwernatierleche Fäegkeeten eng Stad vun enger Invasioun vu Vampire befreien.
All ze traureg dierften d'Playstation Besëtzer iwwert d’Exklusivitéit allerdéngs net sinn, well de Studio, deen duerch Spiller wéi "Dishonered", "Prey" an "Deathloop" bekannt ass, gesäit sech aktuell schwéierer Kritik ausgesat: "Redfall" ass, sou schéngt et den éischte Reviews no, en zimmlecht Desaster.
Eng net lieweg wierkend Open World, net innovative Gameplay an eng ganz Rëtsch vun technesche Probelemer… sou huet een sech deen neisten Titel vun deem beléifte Studio wuel net virgestallt.

Dobäi komme verschidden Decisiounen, wéi zum Beispill de Fait dass d'Spill op de Konsolen aktuell kee "Performance"-Modus huet an dass een och am Single-Player-Modus muss online sinn, déi munche Spiller en schlechten Nogoût am Mond loossen.
D'Entwéckler hunn schonn ugedeit, dass se probéiere wäerten, vill vun deene Problemer an zukünftege Patchen erëm riicht ze béien. D'Fro ass allerdéngs, ob "Redfall" interessant genuch fir d’Spiller ass, dass déi sou laang dorobber waarde wäerten.
Wann ee berücksichtegt, dass d’Spill aktuell sou just iwwert dem 60/100 Punkten-Wäert op Metacritic ass, bléift dat ze bezweifelen.