
© Lee Dos Reis
De lëtzebuergesche Museker Khalid Oke war bei eis am Interview fir seng nei EP ze presentéieren.
De Khalid Oke ass säit enger Rei Joren an der lëtzebuergescher Museksbranche ënnerwee a konnt sech schonn een Numm hei maachen. Ënnert sengem Kënschtler-Numm "OKE" huet hien 2018 seng éischt Single "Freedom" released gehat.
Vue dass de Khalid sech scho säi ganz Liewe fir Musek interesséiert huet, huet hien och wieder gemaach an eng ganz Rei Lidder erausbruecht. "Venice Beach", "Just The Two Of Us" wéi och "Lagos Boy" hunn allen dräi op Spotify och scho wierklech vill Streams erreecht.
"D'Leit si mega eens ginn domat a konnten doduerch och eng gutt Verbindung zu mir selwer op bauen. Et war mengen ech mäin erfollegräichste Start vun enger Single an et leeft och elo nach ëmmer gutt. Dat huet mech och wierklech iwwerrascht gehat. "Lagos Boy" war mengen ech dann och dee beschte Feedback deen ech bis elo vun de Fans krut."
Dat lescht Joer huet de Khalid dann awer och schonn eng ganz Rei nei Single erausbruecht gehat. Hei waren ënnert anerem d’Lidder "Celebrate", "Jaiye", "Run" oder "One Day" erauskomm. Dës sinn dann och Deel vu senger neier EP "Jaiye" déi hien elo released huet. "Jaiye" heescht iwweregens "D’Liewe genéissen" op Yoruba, wat eng vun de Sproochen a Nigeria ass.
"Ech géif de Sound vun der EP bëssen esou als Afro-Dance oder Afro-Pop beschreiwen an dat ass och eppes wat ech elo u mir entdeckt hunn. An dat ass dann och elo den Oke-Sound mat dem ech mech wierklech identifizéiere kann. Doriwwer freeën ech mech och wierklech."
Op der EP selwer sinn dann am ganze 5 Lidder mat drop an no deenen éischte 4 Singles konnt ee beim Release dann och nach déi ganz nei Single "Don’t Forget Who You Are" héieren, déi dann och Deel vun dësem Projet ass.
"Dat Lidd ass wierklech speziell fir mech. Et heescht "Don't Forget Who You Are" a soll mech ëmmer drun erënnere soll wou ech hier kommen och wann ech säit ëmmer hei zu Lëtzebuerg liewen an och meng Kolleegen a meng Identitéit si vun hei. Ech identifizéiere mech komplett mat Lëtzebuerg an trotzdeem een Afro-Descendant an dat dierf ech net vergiessen an och ëmmer mat weider huelen."
Wéi et an Zukunft weider geet huet de Khalid eis dann och scho bësse verroden. No dëser éischter EP ass hien dann och scho fläisseg am Gaang un der nächster ze schaffen. Wéini dës genee erauskënnt ass dann awer nach net geplangt.