Eng Etüd vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research a vun der Uni.lu huet eng potentiell Reduktioun vun der Schaffzäit zu Lëtzebuerg analyséiert.

Hei gouf da villes analyséiert, ënner anerem goufen Etüden aus anere Länner gekuckt. Et gouf nämlech schonn op anere Plaze probéiert manner wéi 40 Stonnen d’Woch ze schaffen.

Fir d’éischt goufen emol d’Ziler definéiert, déi ee mat manner Schaffzäit erreeche kéint: e bessert Wuelbefannen, eng besser Gesondheet, méi Chancëgläichheet, eng besser Work-Life-Balance, eng Baisse vum Chômage mee och eng besser Produktivitéit. D’Fuerscher hunn also analyséiert ob dat de Fall kéint sinn.

Lauschtert eran!

Aus der Etüd geet deemno ervir dass de Lëtzebuerger Kontext zimmlech spezifesch ass. Zu Lëtzebuerg schafft een nämlech méi Stonnen d’Woch wéi an den Nopeschlänner, an och méi Stonne pro Joer mat 1.701 Stonnen an der Moyenne.

D’Fuerscher hunn also erausfonnt dass et vill Facteure ginn ob déi een oppasse muss wann een d’Schaffzäit reduzéiere géif. Zum Beispill muss een un d’Kompensatioun vun den Iwwerstonnen denken. Et muss een och evitéieren dass et da méi Aarbecht ausserhalb vun den Aarbechtszäite gëtt. Mee dee Risk wier awer realistesch well d’Aarbecht ëmmer méi digital gëtt. Et misst een och oppassen dass d’Aarbecht net ze intensiv gëtt. Eng Léisung wier hei Leit anzestellen. Zu Lëtzebuerg gëtt et awer e Mangel u Personal a ganz ville Secteuren.

D’Pai ass hei och e wichtege Sujet. Well wann den Taux d’selwecht bleift, da géif de Salaire pro Mount erofgoe wann ee manner Stonne schaffe géif. Et gouf och festgestallt dass eng Reduktioun vun der Schaffzäit a groussen Entreprisë méi einfach wier wéi a klengen Entreprisë mat spezialiséierten Aarbechter.

Virun allem wier eng 35-Stonne-Woch positiv fir Fraen a fir Mamme vu jonke Kanner mee manner gutt fir Leit mat niddrege Salairen, déi wéineg Kontroll iwwert hir Horairen hunn.

Eng wichteg Fro bleift hei op: an zwar ob Lëtzebuerg attraktiv wier mat enger Reduzéierung vun der Schaffzäit. Et ginn also vill Beräicher iwwer déi ee schwätze misst a Facteuren, déi een definéiere misst, esou d’Fuerscher.

An deem Kontext sot den Aarbechtsminister Georges Engel dass dës Etüd eng wichteg Basis fir weider Diskussioune wier.