
© Unsplash
Net nëmme gëtt op TikTok witzeg gedanzt a glécklech performt mee et hu sech mëttlerweil och vill liewensgeféierlech Trends verbreet.
Op TikTok kënnt et ëmmer nees zu geféierlechen Trends a Challengen. D'App fonctionéiert nämlech nom Schema, desto méi krass ee Video ass, desto méi erfollegräich am Algorithmus. An genee dat beweegt vill Kanner a Jonker fir un TikTok-Challengen deelzehuelen. An hei ass et och egal ob si hier Gesondheet, hier Privatsphär oder souguer hiert Liewe riskéieren, och kriminell Trends gi gäre matgemaach.
Eng vun deene rezentste geféierleche Challengen ass déi sougenannten Benadryl-Challenge. Hei huelen TikToker an TikTokerinnen een Antihistaminikum, dat zum Beispill géint Heeschnapp hëlleft. Hellt een awer ze vill dovunner, da kann et zu Halluzinatiounen an zu intensiven Dreem kommen. A genee dat wëllen dës Persounen erliewen. Esou och een 13 Joer al Jong aus Ohio an Amerika. Hien huet eng Iwwerdosis vun deem Medikament geholl an seng Kolleege sollten seng Reaktioun filmen. Anstatt Halluzinatiounen ze kréien ass säi Kierper kollabéiert, de Jong krut Krämp a säin Häerz ass dono stoe bliwwen. D'Kolleegen hunn dunn de Noutdokter geruff, dëse konnt de Jong nees reaniméieren. No 6 Deeg op der Intensivstatioun ass de 13-Järegen awer gestuerwen.
Aner geféierlech Challengë sinn zum Beispill d'Blackout-Challenge. Hei hunn sech Jonker virun der Kamera stranguléiert bis hinne schwaarz ginn ass virun den Aen. Och hei sinn e puer Jonker gestuerwen. Oder d'Dry-Scooping-Challenge. Hei huet een eng Iwwerdosis Koffein virum Training geholl. Dat heescht et huet een ee Läffel Protein- oder Pre-Workout-Polver ouni Waasser ofgeschléckt. A net nëmme kann ee liicht um dréchene Polver erstécken, mee duerch deen héije Koffein am Polver kann een Häerzinfarkt provozéiert ginn.
Mee wéi kann ee Jonker a Kanner virun sou geféierlechen Trends schützen?
Jonker oder Kanner guer keen Handy oder Tablett ze ginn an si aus der virtueller Welt auszeschléissen ass keng Léisung. Mee hei ass et extreem wichteg fréi genuch iwwert esou Challengen, Trends a Saachen déi een am Internet fënnt ze schwätzen an opzeklären. Des Weideren ass et och wichteg nozelauschteren an anzeschätze wou eng Gefor lauert a wou net. D'Sozial Medie soll een an deem Fall dann net verbidde mee hier Geforen a Grenzen däitlech duerstellen, fir dass ee Jonken oder ee Kand och vum selwer leiert ze verstoe wou sech Gefore verstoppen a wou d'Grenze sinn.