
© Unsplash
2019 hu mir den Europadag als neie Feierdag zu Lëtzebuerg bäikrut.
Natierlech ass dat net verkéiert een Dag méi fräi ze hunn. Mee et wier och intressant ze wësse wat ee genau um Europadag feiert a wisou dësen Dag existéiert.
Den Europadag den 9. Mee ze feiere gouf wéinst der Schuman-Erklärung vun 1950 erausgesicht. Dës gëtt als Gebuertsstonn vun der EU ugesinn. De Robert Schuman war e franséischen Ausseminister, deen zu Lëtzebuerg op d’Welt komm war an eng wichteg Figur fir d’EU war. A senger Erklärung hat hien d’Grënnung vun enger Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol virgeschloen. Lëtzebuerg huet deemools zu de Grënnungsmembere gehéiert. Mat der Zäit huet d’Gemeinschaft sech zur Europäescher Unioun entwéckelt.
Ee vun den Haaptziler war nom zweete Weltkrich en weidere Krich z’evitéieren. Mee den Europadag déngt net just dozou d’Grënnung vun Europa an Erënnerung ze halen. E soll och als Dag funktionéieren, deen de Fridden an den Zesummenhalt an Europa feiert. Et soll een sech un déi gemeinsam Wäerter erënneren, déi d’Memberlänner hunn. Dat ass warscheinlech nach méi relevant an enger Zäit an där vill Spannungen an der EU sinn.
Den Europadag ass awer och eng Geleeënheet déi europäesch Institutiounen de Leit méi no ze bréngen. Dowéinst ass et och en Informatiounsdag. An deem Kontext sinn d’Prioritéiten dëst Joer e gréngt a kompetitiivt Europa; e kompetent a fairt Europa; e séchert a staarkt Europa, dat solidaresch mat der Ukrain a mat der Welt ass.
Lëtzebuerg ass iwwregens dat éischt Land dat den Europadag als legale Feierdag agefouert huet. An als eng vun den Haaptstied vun den EU-Institutioune passt dat dann och gutt.
An deem Kader sinn och Aktivitéite geplangt. Zu Lëtzebuerg kann een dann de Geriichtshaff vun der EU kucke goen an och dat sougenannt europäescht Duerf, dat vun der Vertriedung vun der Kommissioun an den nationalen Autoritéiten opgebaut gëtt. An dat am Kader vum Europe Day Festival. Deen ass op der Place de l’Europe um Kierchbierg.