D'Verëffentlechung vun Informatiounen déi am Fong nach geheim solle bleiwen, och genannt "Leaks", sinn an der Videospillwelt näischt Neies.

Reegelméisseg kann ee scho Screenshoten, Story-Detailer oder aner Infoen zu Spiller fannen, déi nach guer net public sinn. Wat Nintendo awer lo mat "The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom" geschitt ass, gesäit een allerdéngs net all Dag: wéi et schéngt ass dat ganzt Spill schonn iwwert eng Woch ier et rauskomme sollt, geleakt ginn.
Wéi genau dat geschitt ass, ass net ganz kloer. Nintendo huet bis elo keng Stellungnam dozou geholl.

Et geet een dovunner aus, dass verschidde Geschäfter sech eventuell net un de Release-Datum gehalen hunn a physesch Kopië vum Spill schonn am Viraus verkaf goufen. Eng aner Méiglechkeet wier, dass een (oder e puer!) Employée et sech an d'Täsch gestach huet. Sou eng Kopie konnt een op alle Fall op enger Auktiounssäit um Internet steeën. Nach méi schlëmm ass awer, dass verschidde Leit d'Spill op Twitch gestreamt hunn…an zwar iwwert en Emulator. Dat géif also heeschen, dass eng ROM (eng illegal Versioun) vum Spill och schonn am Ëmlaf ass.

Wéi mir jo wëssen, ass Nintendo ganz kriddeleg vis-à-vis vun hiren IP'en, wéi de Claudio dat a sengem Artikel viru kuerzem nach gutt beschriwwen huet:

Et ass also kee Wonner, dass den Entwéckler net ganz begeeschtert vun der Situatioun ass.
En interessanten Nieweneffekt vun dem Ganzen ass awer, dass de Videospill-Titan elo Sträit mat enge vun de bekanntste Videospill News Säiten huet: Kotaku.

Virun e puer Deeg schonn hat den Ethan Gach, e Senior Reporter bei Kotaku, sech op Twitter beschwéiert. Wéi et schéngt huet Nintendo Kotaku op eng Blacklist gesat an hinnen domadder verbueden, virum Release iwwert dat neit Zelda Spill ze berichten. Dat heescht: keng Review-Kopië vum Spill am Viraus, keng Erlabnis fir Gameplay ze weisen, näischt.

De Grond dofir ass net honnert Prozent sécher, mee huet héchstwarscheinlech domadder ze dinn, dass Kotaku schonn an der Vergaangenheet ëfters iwwer Nintendo Leaks bericht huet.

Nintendo ass net den éischten Entwéckler, dee Kotaku op hier schwaarz Lëscht gesat huet:
Och Bethesda ("Fallout", "Elder Scrolls") an Ubisoft ("Assassin's Creed") sinn net frou mat dëser Säit.
Et gëtt hinnen net nëmme virgeworf, ze vill vun esou Leaks ze profitéieren, mee och dass si mëttlerweil ze vill politesch Ideologie an hier Artikelen abréngen.
Sou huet Kotaku z.B. Square Enix an engem Artikel vun November 2022 kritiséiert, well den neie "Final Fantasy" ze "wäiss" ass, also net genuch Diversitéit vun de Charakteren huet.

Kotaku schéngt sech allerdéngs net esou einfach kleng kréien ze loossen. Amplaz d'Fangere vun "Tears of the Kingdom" ze loossen, huet d'Säit lo en neien Artikel publizéiert.
An dësem ginn se op all d'Infoen, déi duerch d'Leaks vum Spill un d'Luucht komm sinn, an.

Lo bleift ofzewaarden, wéi Nintendo dorobber reagéiert. Sollte si et haart op haart komme loossen a Kotaku viru Geriicht zéien, kéint dat den Ufank vum Enn fir dës Säit sinn.