Et si schwéier Zäite fir d’Xbox...

Net nëmme gouf den Deal fir den Activision-Blittard ze kafen a Groussbritannien op Äis geluecht...
Liest méi doriwwer hei:

Hiren aktuellsten exklusiv Titel, "Redfall", ass och nach alles aneres wéi iwwerzeegend...
Méi doriwwer fannt dir hei:

Doropshin huet de CEO vun Xbox Game Studios, de Phil Spencer, lo an engem Interview mam Youtube Channel "Kinda Funny Games" Stellung geholl.

"Et gëtt näischt wat fir mech méi schwéier ass, wéi d'Xbox Communautéit ze enttäuschen an ze gesi wéi se hiert Vertraue verléiert. Ech si rose mat mir selwer!"
Spezifesch zum Sujet "Redfall" sot hien:
"Arkane Austin huet meng voll Ënnerstëtzung. Ech denken fir elo einfach ze soe 'Dat Spill hätt missen dréi Méint verschiibt ginn', ass e bëssen ze simplistesch. Mir wäerte weider drun schaffen."
An de leschte Joren si jo eng gutt Rëtsch vu sougenannten Triple-A Spiller, also Spiller déi vu grousse Studioe mat ville Ressourcen entwéckelt ginn sinn, an d’Kritik geroden, well se qualitativ net um richtegen Niveau waren.
"Ech si mir bewosst, dass esou Spiller 70$ kaschten an ech iwwerhuelen déi voll Verantwortung dofir, dass dat Spill bei der Verëffentlechung hätt misse groussaarteg sinn."