Den Horror Genre ass jo een, deen an der Videospill-Welt ganz beléift ass. Leider léisst sech d'Unzuel vun de richteg populären an erfollegräiche Serien dobäi quasi un enger Hand ofzielen. An och wann déi lescht zwee "Resident Evil" Spiller, de "7-Biohazard" an den "8 - Village", ganz gutt Bewäertunge vu Fans a Kritiker kruten, wier e bëssen Ofwiesslung net schlecht.
Grond sech ze freeë gëtt et awer genuch:
Wéi jo scho säit kuerzem gewosst ass, wäerten en neit "Silent Hill" Spill mam mysteriéisen Titel "f" an e Remake vum legendäre "Silent Hill 2" an Zukunft rauskommen.
Mee déi gutt Noriichte gi weider: och Fans vun der "Amnesia" Serie kommen net ze kuerz: Enn Mee soll dat neit Spill "The Bunker" erauskommen.
Bei all deene Spiller handelt et sech awer ëm scho bekannte Franchisen. Ganz rezent gouf et awer elo och eng richteg Iwwerraschung: de "Shadowman" kënnt zeréck. Ween Enn vun den 90er scho gezockt huet, erënnert sech villäicht un den Titel. E Sequel dovunner koum 2002 op der PlayStation 2 eraus, säitdeem huet een näischt méi vum Anti-Hero mat de Vodoo Kräften héieren. Elo, no iwwer 20 Joer, bréngt de Studio Nightdive en neien Titel mam Numm "Shadowman: Darque Legacy" eraus. Wann dat kee Grond ass fir sech ze freeën!