Wéi Warner Brothers Discovery matgedeelt huet, huet d'Spill "Hogwart's Legacy", dat an der Welt vum Harry Potter Plaz hëlt, elo schonn iwwer 15 Millioune Kopië verkaf an dobäi iwwer 1 Milliarden Dollar erageholl. Dobäi soll een am Hannerkapp halen, dass "Hogwart's Legacy" bis elo nëmmen op den neie Konsolen, PlayStation 5 an Xbox Series X/S, disponibel war.

Vun dëser Woch un ass dat allerdéngs anescht: d'Spill ass elo och fir d'PlayStation 4 an d'Xbox One Versioun ze kréien.
Switch Besëtzer mussen sech allerdéngs nach bis Juli gedëllegen.

Vue dass all déi Konsolen nach dobäi kommen, wäerten d'Verkafszuele vum Titel warscheinlech nach vill méi explodéieren. Dat si gutt Noriichte fir Warner Brothers, well virum Release vum Spill jo eng Boykott-Campagne lancéiert gouf. Aktivisten, déi géint dem J. K. Rowling hier Vuen iwwer Trans-Mënsche sinn, hunn d'Léit opgefuerdert, "Hogwart's Legacy" net ze kafen. Funktionéiert schéngt dat da wuel net ze hunn.

Des Weidere krut d'Spill och lo en "Arachnophobie"-Update: well vill Spiller sech iwwert déi grouss an eekleg Spannen am Spill beschwéiert hunn, kann een dës elo a méi witzeg Monstere mat Rullschong verwandelen. Mir soe Merci!

RTL

Déi nei Spannen dierften bei villen Leit manner op d’Gemitt schloen! / © Youtube Screenshot