
© Pexels
US-Wëssenschaftler hunn et hikritt, mat Hëllef vu Gehier-Scanner a kënschtlecher Intelligenz ganz graff z’erfaassen, wat Mënschen denken.
D’Fuerscher vun der Uni Texas zu Austin hunn sech mat dëser Fro beschäftegt. Dës Wëssenschaftler hunn et hikritt Gehier-Scanns z’entschlësselen an domat sproochlech Aussoen ze rekonstruéieren. Et wier den éischte System deen d’Sprooch och ouni Implantat am Gehier rekonstruéiere kéint.
D’Zil wier et an Zukunft Mënschen, déi hir Kapazitéit ze schwätze verluer hunn oder guer net hunn, ze hëllefen. Beispiller si Leit, déi en Hiereschlag haten.
Wéi hunn d’Fuerscher dat gemaach? 3 Persoune goufen erausgesicht a si ware 16 Stonnen an engem Magnetresonanztomograf. Dat ass e Gerät, dat physiologesch Funktiounen am Kierper uweist. Dës Persounen hunn da Podcaste gelauschtert. Esou konnte Fuerscher opzeechnen, wéi eng Reaktioun Wierder, Sätz a Bedeitungen an de Regioune vum Gehier ausléisen.
Dës Donnéeën hunn als Trainingsmaterial fir e Computermodell gedéngt. An de Computermodell huet zesumme mam Sproochemodell mat Kënschtlecher Intelligenz d’Grondlag vun engem Decoder gebilt. D’Gehier-Scanns vun den 3 Persoune goufen duerch den Decoder an Text ëmgewandelt. Et gouf also sproochlech erfaasst wat d’Persoun matkritt an héieren huet.
Et goufen och Ausschnëtter vu Stommfilmer gewisen. Och do konnt den Decoder d’Gehieraktivitéit entschlësselen. Och wann d’Leit sech selwer Geschichten ausdenke konnten, konnt d’Maschinn déi Haaptpunkten erfaassen. Et kritt een zwar net déi genee Wierder mee déi Haaptaussoen, dës ginn also net 1 zu 1 ëmgewandelt.
Et wier een awer nach wäit dovun ewech Gedanken duerch Technologie ze liesen. D’Method aus dëser Etüd wier ganz komplizéiert an trotzdeem wier dat e Fortschrëtt fir d’Fuerschung. Hei muss awer och iwwer d’Riske gewarnt si well dann och vläicht d’Police, Geheimdéngschter an/oder Krimineller un esou e System intresséiert wieren.