
Fir déi 29t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.
Déi lëtzebuergesch Indie-Folk Band "The Tame And The Wild" besteet aus dem Seja Rockel an dem Flëpp Wenger an ass scho säit ville Joren an der lëtzebuergescher Museksbranche ënnerwee.
Nodeems si sech am Joer 2022 virgeholl haten all zwee Méint eng nei Single erauszebrénge waren dës dann och elo als Album erauskomm gewiescht. Den Album "We Lost More Than A Battle" ass den 10. Februar erauskomm a gouf och mat enger bësse méi spezieller Release-Party an de Unison Studios geféiert.
"Mir hate gesot mir wéilten d'Leit dohin invitéiere wou d'Lidder dann och entstinn also quasi bei eis an d'Stuff. An dat war dann och bëssen d'Ambiance vum Concert an dat war immens cosy. Mir waren zwar ausverkaaft mee am ganzen hate mer ongeféier 100 Leit dobannen, méi war do och net dran. An dat war eng ganz convivial Atmosphär."
Bei dëser Geleeënheet hunn si dann och zesumme mat Museker gespillt, déi soss nach um Album ze héiere waren, sief et um Gesang oder op aneren Instrumenter.
Elo kann een d’Seja an de Flëpp dan och am Kader vun de Rocklab Pop Up Sessions héieren a gesinn. Och fir Tame and the Wild hat sech de Rocklab rëm eng ganz speziell Location erausgesicht, déi am Ufank guer net esou geplangt war.
"Ursprénglech sollte mer an der Manège zu Koplech spillen an dat hat dunn awer dans la dernière minute net geklappt an dunn ware mer am Schlass selwer an engem ganz spezielle Kader. Dat war an engem ganz flotte Raum deen och eng ganz flott Ambiance rëmginn huet an dat war eng ganz spontan kuerzfristeg Decisioun déi do moies getraff ginn ass, mee ech mengen eis huet et an d'Kaarte gespillt."
Wann ee sech dëse Video dann ukuckt, da wäert ee lauter Songs héieren déi een dann och scho vun der Band kënnt. Fir si war et dann och wichteg een däitsche Song mat dran ze sëtze vue dass si der och eng Rei a leschter Zäit released hunn.
Den 12. Mee kennt dann och scho mat "From The Rabbit Hole" eng nei Single vun der Band eraus, ier een dës an och déi Lidder vum Album rëm ka live erliewe wann The Tame And The Wild am Summer och rëm op der Bün wäerte stoen. Hei kann een si ënnert anerem um USINA23 op der Singer & Songwriter Stage erliewen.