Am Januar 2024 lancéiert de Fonds National de la Recherche déi nei Fernsee- a Web-Show «Take Off»!

Bei der Show "Take Off" wäerten 12 Kandidat*innen tëschent 15 an 21 Joer géinteneen untrieden a Science-Challenges musse léisen. Am Ganze ginn et 13 Episoden, all Episod muss eng Persoun d’Show verloossen. D*e Gewënner*in hëllt 10.000€ mat heem.

Wann's du also kreativ bass, Tüftler-Geenen an Team-Spirit hues, ënner Drock kloer denke kanns a gär gechallenged gëss: De Casting fir d'Take-Off-Show ass elo op! Wéi de Joseph Rodesch, ee vun den Hosts, eis am Eldo-Interview verséchert huet, muss ee fir déi wëssenschaftlech Aufgaben ze léisen och definitiv keen Doktertitel hunn.

D’geet net drëms fir e Science-Genie ze sinn, dat brauch ee wierklech net. Mir sichen eigentlech Debrouillard-Leit, déi keng zwee lénker Hänn hunn, déi bësse kënnen out of the box denken an déi einfach wëlle Spaass hunn. Et geet eis hei nämlech haaptsächlech ëm de Spaass. (Joseph Rodesch, FNR)

Lauschtert hei déi ganz Reportage!

D’Konzept vun «Take Off» ass inspiréiert un der Science-Show “Rakett69” aus Estland, déi ënnert anerem de Präis fir «Best european educational show» gewonnen huet. Fir eng kleng Iddi vun deene Science-Aufgaben ze kréien, déi d’Take-Off-Kandidat*innen gestallt kéinte kréien, erkläert de Joseph eis d’Beispill vun der «Egg Drop Challenge».

Do hëlt een e réit Ee an dat muss een aus dem 2. Stack vun engem Gebai erausgeheien. Dann huet een 20 Minutten Zäit, fir dat Ee esou ze verpaken, dass et d’Chute iwwerlieft. Et huet een eng kleng Selectioun vu Material an da muss ee kucken domat eens ze ginn. Déi Ekipp, déi am Beschten domat eens gëtt, hätt dësen Challenge ebe gewonnen. (Joseph Rodesch, FNR)

RTL

© Screenshot Website

Wann dir tëschent 15 an 21 Joer al sidd, kënnt dir iech nach bis den 21. Mee op takeoffshow.lu fir de Casting vun der Show umellen. D’Lucie Zeches, wat d’Show zesumme mam Joseph a mam Olivier Catani (RTL) hoste wäert, seet eis wéi et duerno weidergeet.

Wichteg ze wëssen ass, dass de Casting de 6., 7. an 10. Juni ass. Wann een do selectionnéiert gëtt, ginn déi éischt Episoden am August gedréint, méi genee vum 18. bis de 25. August. (Lucie Zeches, FNR)

E puer Challenges huet d’Ekipp vum FNR iwweregens och scho mat verschiddene lëtzebuerger Influencer*inne gestest. Kuckt hei wéi d'Vera Hoffmann an d'Cecilia Said Vieira sech geschloen hunn: