Erlieft eng Rees an d'Magie vum Tomorrowland Festival a feiert mat deene gréissten DJ'en op der Welt.

Den Tomorrowland Festival ass ee vun deene gréisste Festivallen op der Welt a suergt mat senger ganz eegener Welt, sengem Line-Up de gigantesche Bünen an de Fans aus ganz ville Länner ëmmer rëm fir Héngerhaut-Momenter.

Dëst Joer wäert d'Rees an déi magesch Welt vum Tomorrowland op zwee Weekender am Juli stattfannen. Eemol vum 21.-23. Juli an eng Kéier vum 28.-30. Juli 2023.

Mir sinn dann och immens frou iech kënne matzedeelen dass den Eldo a Kollaboratioun mam Tomorrowland Festival iech et wäert erméigleche bei dësem Spektakel mat dobäi ze sinn an déi gréissten DJ'en op der Welt ze erliewen.

Fir dës Experience ze erliewen, sollt ee vum 26. Mee un den Eldo op der Antenn an och op eldo.lu suivéiere fir alles matzekréien.

An deenen nächste Woche wäerte mir e puer mol engem am Eldo-Land zesumme mat 3 Kolleegen dës Experience erméiglechen. Hei wäert dir dann zesumme mat iwwer 208 aneren Nationalitéiten op 15 Bünen d'Zäit vu ärem Liewen hunn. Op deenen dräi Deeg Festival stinn dann am ganzen och iwwer 1000 DJ'en aus alle Genrë vun der elektronescher Musek op der Bün a loossen och hei kee Wonsch iwwereg.