Virun allem a Frankräich gëtt ganz vill iwwert en Influencer geschwat, dee fir vill Skandaler gesuergt huet. 

Den Influencer ass e Lëtzebuerger. Hien huet 1,6 Millioune Follower op Instagram. En heescht Dylan Thiry an ass an der franséischer Reality Show "Koh-Lanta" 2017 bekannt ginn.

An deene leschte Wochen ass ganz vill Negatives iwwert den Influencer erauskomm.

Virun zwou Wochen hunn zwee franséisch Deputéiert e Signalement beim Paräisser Procureur gemaach. An dat nodeems de franséische Rapper Booba gesot huet, dass hie Beweiser géint den Dylan Thiry hätt. De Booba huet him Rassismus, Zouhälterei a Bedruch virgeworf. Donieft huet de Rapper gesot de Lëtzebuerger géif Sue verdénge well hie bekannte Leit hëllefe géing Kanner aus Madagaskar z’adoptéieren.

An da goufen et och Sproochnoriichten, déi dat u sech beweise sollten. De Rapper huet Dës verëffentlecht. Den Dylan Thiry hätt och illegal Methode benotzt fir dass Kanner vu Madagaskar a Richtung Frankräich kéinte bruecht ginn. An deem Fall gëtt nach gekuckt ob dës Aussoen dem Kannerhandel entsprieche géifen. Et wier och net sécher ob déi franséisch Justiz kompetent wier well den Dylan Thiry ass Lëtzebuerger, hie wunnt zu Dubai, an d’Virfäll wieren op Madagaskar geschitt. Eventuell kéint dann déi Lëtzebuerger Justiz mat an d’Spill kommen.

Dann gouf awer och virun e puer Deeg bekannt dass eng fréier Mataarbechterin vum Influencer eng Plainte géint hie gemaach huet. An dat wéinst Menacen an och Verstouss géint Privatliewen. Dës Fra war Vizepresidentin vu "Pour nos enfants", eng Associatioun déi 2021 vum Dylan Thiry gegrënnt gouf. Se gouf och direkt 2022 nees opgeléist. Den Influencer hätt dëser Fra virgeworf dass si seng Sproochnoriichte geleakt a weiderverschéckt hätt. Am ganze ginn et aktuell 5 Plaintë géint den Influencer. Hien huet och elo decidéiert sech aus de soziale Medien zeréckzezéien.

Et muss een also ofwaarde wéi et mat der Justiz weidergeet.