
© Unsplash
Mir kennen d'Schema mëttlerweil leider all ze gutt: wärend Méint, oder heiansdo souguer wärend Joren, gëtt en neit Spill mat Traileren, Screenshoten a Gameplay uspriechend gemaach. A wann dann endlech de groussen Dag vum Release do ass, muss ee feststellen: do klappt eppes net sou wéi et soll.
Glitchen, Crashen, Bugs, Save-Files déi geläscht ginn, d'Bild wat ruckelt an sou weider. D'Lëscht vun den technesche Problemer ass grouss. A grad esou laang ass d'Lëscht vun héich erwaarten Spiller, déi rezent ënnert dëse Problemer gelidden hunn:
- Fallout 76
- Cyberpunk 2077
- Pokémon Scalet & Violet
- Saints Row
- GTA: Trilogy - Definitive Edition
- Battlefield 2042
- The Last of Us Remake (PC Port)
- Star Wars: Jedi Survivor
- Redfall...

Iwwert den Reen am GTA Trilogy gouf vill de Gëck gemaach. / © Youtube Screenshot
Et wonnert also keen, dass ëmmer méi Gamer sech froen, wéi et méiglech ass, dass esou vill Spiller mat dëse Problemer erauskommen. Wann engem klengen an onbekannten Indie-Studio esou eppes géif geschéien, dann dréckt een nach een An zou. Mee leider kommen déi meescht betraffe Spiller vu groussen a bekannten Entwéckler-Studioen, déi méi wéi genuch Suen a Personal hunn.
IGN huet zu deem Thema rezent e Panneau mam Titel "Tech Issues are Plaguing Next-Gen Games" gehalen. Bei der Diskussioun sinn d'Meenungen deelweis staark ausernee gaangen. Sou sot zum Beispill den John Davison, Editeur bei IGN: "Dee Problem ass näischt Neies. Ech sinn e bësse méi al wéi dir an ech kann iech verséchere virun 30 Joer war dat genee d'selwecht."
Säi Kolleeg, de Ryan McCaffrey, war domadder net ganz averstan: "Ech spillen och schonn zënter der NES-Ära ("NES": Nintendo Entertainment System vun 1986) an och wann ee mol heiansdo ee Feeler an engem Spill fonnt huet, esou konstant Problemer wéi hautdesdaags hat een deemools net."

De McCaffry (ganz riets) war net ganz mat sengem Noper averstanen / © Youtube Screenshot
Ee vun de Grënn op déi de Panneau sech eenege konnt, ass d'Hardware, déi direkt duebel schëlleg ass. Engersäits erméiglechen déi méi staark Konsolen a Computere vun haut méi Méiglechkeete fir d'Entwéckler. Mee: méi Méiglechkeeten heescht och méi Saachen déi kënne schif goen. Jee komplexer e Spill ass, desto besser ass d'Grafik, dofir sinn awer och méi potentiell Feelerquellen do.
Anerersäits kënnen déi staark Hardware d'Studioen awer och dozou verleeden, sech Spiller auszedenken, déi iwwert d’Zil erausschéissen an am Endeffekt net machbar sinn.
E weidere Grond fir dës Problemer gesäit de Panneau doranner, dass hautdesdaags alles digital leeft: "Fréier huet een sech e Spill kaf, a wann do en Feeler dra war, da war dat eben esou. Do konnt een Näischt drun änneren!" esou den Davison.
Dogéint kéinten d'Entwéckler vun haut sech ëmmer op Patche verloossen, déi se zu all Moment verëffentleche kënnen. Den Drock fir e Spill an engem gudden Zoustand erauszebrénge wier méi kléng, well ee jo och nom Release vum Spill nach weider dru schaffen kéint.
Och d'Konkurrenz mat aner Spiller gouf erwäänt: "Wa mir zum Beispill Redfall kucken, dann ass et kloer, dass ee mat e puer Méint méi Zäit vill vun deene Problemer hätt kënne behiewen. Mee dann ass et op eemol September oder Oktober, an do muss een sech da géint de Starfield, den neie Spiderman an eventuell och géint den Assassin's Creed Mirage, duerchsetzen. An dat wier zimmlech haart", esou de McCaffrey.
Lo ass natierlech d'Fro, wat een dogéint maache kann. D'Reddit-User sinn sech do awer scho laang eens: "Mir mussen ophalen, d'Spiller ze pre-orderen!"
Mat Pre-orders géif een de Studioe schonn am Viraus hir Verkafsziller méi no bréngen, an hinnen all Grond huelen, eventuell Problemer virum Release ze flécken. An effektiv, et schéngt wéi wa Suen a schlecht Press esou zimmlech déi eenzeg Mëttel wieren, déi mir als Spiller an der Hand hunn. Ech hu mir op alle Fall scho laang kee Spill méi virbestallt.

De Reddit ass sech zimmlech eens, wat den Problem ass… / © Google Screenshot