"All Mënsch huet 7 Doppelgänger." Dës Behaaptung baséiert op engem Iwwersetzungsfeeler an ass net richteg.

D'Behaaptung, dass statistesch gesinn, all Mënsch 7 Doppelgänger huet, ass falsch.

Mee fir d'éischt mol, vu wou kënnt dës Behaaptung iwwerhaapt?

Ursprénglech gouf eng Etude op der Universitéit Adelaide an Australien duerchgefouert. Hei hu Fuerscher gekuckt, wéi héich de Prozentsaz ass, dass e verschidde Mierkmoler vum Gesiicht bei zwou Persounen iwwert enee stëmmen. Das sech dorausser d'Behaaptung vun deene 7 Doppelgänger entwéckelt huet läit awer un engem Feeler vun der Iwwersetzung an net vun der Etude.

Am Originaltext ass Riets vun enger "Trillion". An der däitscher Iwwersetzung war du vun enger Milliard Riets an dat war de Feeler, well u sech ass "Trillion" iwwersat eng Billioun. Dem richtege Resultat no, huet da just all Persoun 0,007 Doppelgänger. Domat ass d'Chance scho wäit erofgaangen eng Persoun ze fannen, déi esou ausgesäit wéi ee selwer. Also wëssenschaftlech gesinn ass dëst Phänomeen ganz seelen an awer ginn et ëmmer nees Persounen déi sech extreem änlech sinn.

A wéi ass dat da méiglech?

Dat läit dorunner, dass eist Gehier sech net op eenzel Deeler vum Gesiicht, wéi d'Aen, d'Nues oder de Mond konzentréierter, mee d'Gesiicht als eppes Ganzes ophëlt an wann da just ee Mierkmol aneschters ass, da fält dat eisem Gehier guer net op an esou mengt een, dass en dës Persounen Doppelgänger sinn.

Lauschtert hei de ganze Féx erkläert.