
© Pexels
D’European Space Agency huet eng Etüd erausbruecht iwwer d’Missiounen am Weltall. D’Etüd gouf an der Fachzäitschrëft "Scientific Reports" verëffentlecht.
Et ass erauskomm dass Frae besser gëeegent si wéi Männer fir d’Raumfaart. Astronautinne kéinten e klenge Raum, d’Energie an aner Ressourcen am Weltraumtransportmëttel besser notzen. D’Fuerscher hunn deemno Donnéeën iwwer de Stoffwiessel verglach. D’Frae géife manner Kalorien, Sauerstoff a Waasser wéi d’Männer verbrauchen. Do spillt net just d’Kierpergréisst eng Roll mee och de Fait dass Fraen e méi effikasse Stoffwiessel hätten.
Dat ass dann natierlech wichteg wann ee bedenkt wéi vill Iessen ee muss besuerge bei enger Weltraummissioun, wou d’Zil zum Beispill Mars ass. Wa 4 Astronautinne wärend 1.080 Deeg fort wieren, da géifen 1.695 Kilo manner Iesse gebraucht gi wéi wann et sech ëm Astronauten handelt. Dat heescht, mat Frae géif d’NASA ongeféier 158 Milliounen Dollar spueren.
Och beim Sport géifen Astronautinnen 29 Prozent manner Waasser duerch Schweessen ausschëdde wéi Männer. Et gëtt nämlech 6 Deeg d’Woch Aerobic-Training gemaach.
Obwuel u sech schonn 1959 iwwer d’Virdeeler vun de Frae bei Weltraum-Missioune Rieds war, goufe vill méi Männer rekrutéiert. Aktuell wieren iwwer 90 Prozent vun den Astronaute Männer. Mee falls een eng Mars-Missioun plangt, geet aus der Etüd definitiv ervir, dass een am beschte Frae rekrutéiere soll.