
© Unsplash
Déi mënschlech Kreativitéit ass jo am Fong eppes Wonnerbares. Ouni dës hätte mir keng Konscht, keng Musek a warscheinlech och keng Videospiller. Mee leider hëlt se heiansdo och manner flott Formen un.
Esou muss een da lo en neien Trend op Youtube an TikTok feststellen, bei deem d'Spiller vun "The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom" sech e Spaass draus maachen, déi sougenannte "Koroks" op déi spektakuläersten Aart a Weisen ze péngegen.

Déi aarm Koroks musse schonn zimmlech eppes matmaachen! / © Youtube Screenshot
Koroks si kleng Bësch-Wiesen, déi sech duerch déi ganz Welt vum Spill verstoppt hunn. Duerch déi verschidde magesch Fäegkeeten, déi de Spiller an "Tears of the Kingdom" zu Verfügung stinn, mussen dës Wiesen awer lo leider dru gleewen. Sou fënnt ee Videoe, an deenen direkt e puer vun deenen aarme Wiesen op eng Aart Spiiss gestach ginn an dann iwwert dem Feier grille gelooss ginn, oder se ginn un eng "Rakéit" gestreckt, déi dann natierlech ouni mat der Wimper ze zucken an den Himmel katapultéiert ginn oder einfach vun diversen Objeten erschloen.
Wouhier dësen Haass op d'Koroks hierkënnt ass net kloer gewosst. Verschiddener ginn dovunner aus, dass d'Spiller hire Frust vum Virgänger-Spill, "Breath of the Wild" erausloossen: do missten se nämlech eng ronn 900 vun de Koroks fannen, fir zum Schluss e gëllene "Flapp" ze kréien, mat dem näischt unzefänke war. De Spiller hir Zäit esou ze verschwenden, rächt sech elo wuel. Mir ënnerstëtzen déi kalbliddeg, wann och heiansdo witzeg, Folter natierlech net!

Den gëllenen Flapp war fir vill Spiller den Opwand definitiv net wäert… / © Youtube Screenshot