
© Pexels
Wat huet et mam Albert Einstein senger Thees op sech?
Wann d'Beien eemol vun der Äerd verschwannen, dann huet de Mënsch nach véier Joer ze liewen. Keng Beie méi, keng Bestäubung méi, keng Planze méi, keng Déiere méi, keng Mënsche méi. Dat huet den Albert Einstein schonn 1949 gesot.
Mee stëmmt dës Thees iwwerhaapt a wat huet den Einstein domat gemengt?
Jo dat Ganzt stëmmt deelweis. Wann d'Beien ausstierwen, dann hätt dat fatal Folgen. Fuerscher aus den USA hu berechent, dass wann d'Beie fort sinn, domat d'Recolte vill méi kleng ausfalen an doduerch eng Mangelernierung zu weideren 1,42 Milliounen Doudesfäll pro Joer féiere kann. Weltwäit stierwen all Joers ganz Beiestämm an d'Ofstänn vun de Jore mat héije Verloschter ginn ëmmer méi kuerz. Experte warnen, dass an e puer Joer eenzel Beienaarte kéinten ausgestuerwe sinn.
Wat wäert eis dann alles feelen, wa mir eng Kéier keng Beie méi hunn?
Majo Beie maachen ee risege Faktor an der Landwirtschaft aus. Dat heescht ouni d'Beie wäert et net nëmme keen Hunneg a keng Hunnegdrëpp méi ginn, mee och Uebst a Geméis wäerte Luxusproduite ginn. Beie bestäuben nämlech ronn 80 Prozent vun eisen Notzplanzen. Wann esou vill Uebst a Geméis ewechfält, wäerte pro Joer 1,4 Millioune méi Léit stierwen opgrond vun engem Mangel u Vitaminn A a Vitaminn B a wéinst dem erhéichte Risiko vun Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen a verschiddene Kriibsaarten. Dat well si ze wéineg Uebst a Geméis kënnen iessen.
Wat ass dann d'Ursaach vum Beiestierwen?
Ënner anerem den Asaz vu Pestiziden an der Landwirtschaft, keng natierlech mee urban Landschaften, feelend Nahrungsquell, de Verloscht vum natierleche Liewensraum a Parasitten.
Wat heescht dat dann elo?
Also dat heescht net, dass wann d’Beien ausstierwen, d'Mënschheet 4 Joer drop och ausgestuerwen, ass, mee et wäert awer dozou feieren, dass e pro Joer ronn 1,42 Millioune Mënsche méi stierwen. Wann sech Populatioun vun de Beien nëmmen hallwéiert, komme scho 700.000 weider Doudesfäll pro Joer dobäi.
Wéi kann een d'Beiestierwen ophalen?
Mee och all eenzel Persoun kann eppes dogéint ënnerhuelen. Am Summer wann et waarm ass, kleng Schossele mat Waasser dohinner stellen, fir dass en d'Beien net dehydratéieren. Keng Stengegäert maachen, mee ee Gaart uplanze mat ville Blummen a Planzen an dësen och net mat Pestiziden besprëtzen. A wann am Summer mol eng Bei nervt, well si sech verflunn huet, dann dës net futti schloen. Och soll een Harespelen net futti schloen, well och déi bestäuben eis Planzen. Dat heescht et soll een och ganz op Fale verzicht.