
© Eldoradio
De Weltbakdag, fir déi eng ass et de 17ten Mee, fir déi aner den drëtte Sonden am Mee.
Fir mech kéint et och all Dag de Weltbakdag sinn! Wéini genau deen Dag agefouert ginn ass, ass net ganz kloer mee Spekulatioune weisen drop hin, dass et am Joer 2012 ugefaangen huet.
Passend zum Weltbakdag hunn ech iech e puer Tipps an Tricks eraus gesicht, déi iech d'Liewen e Stéck méi einfach an är Freed um Baken ëm sou méi grouss wäerte maachen.
D'Kinneksdisziplin beim Baken ass definitiv d'Eeër trennen, eng Disziplin déi relativ vill gefrot gëtt an der Kichen, a gläichzäiteg vill Leit zum Verzweiwele bréngt...
Fir dëst Hindernis ze iwwerwannen, gëtt et e ganz einfachen Trick:
Klappt d'Eeërschuel lues op, maacht d'Ee an eng Schossel. Huelt eng eidel Plastiksfläsch an dréckt se zesumme fir dass d'Loft eraus geet. Halt déi zesumme gedréckte Fläsch mat der Ëffnung lues widder d'Eegiel. Haalt op d'Fläsch zesummen ze drécken, doduerch suckelt d'Fläsch d'Eegiel op. (Dat duerch den Ënnerdrock).
Beim Eeër opschloe kënnt et dann och mol vir, dass e Stéck Schuel mat an d'Schossel fält. A fir déi erëm rausgefëscht ze kréien ass wierklech eng Konscht... Bis zu deem Moment an deem ech eppes Ongleefleches erausfonnt hunn:
Wann iech e Stéck Schuel sollt mat an är Schossel falen, keng Panik. Maacht äre Fanger e bësse mat Waasser naass an tippt mat ärem naasse Fanger ob d’Eeërschuel. A schonn hutt dir d'Schuel eraus gefëscht.
Sou genuch vun den Eeër geschwat, eppes dat a menger Kichen op kee Fall feelen däerf ass Schockela. Mee esou gutt Schockela dann och schmaacht, esou vill Sauerei mécht et dann awer och beim Baken. Bis et zu deem Geistesblitz kommt ass, deen alles verännert huet:
Einfach Waasser an enger Kasseroll erhëtzen (awer net zum Kache bréngen). De Schockela an e Gefréierbeutel maachen an d'Tut zou maachen. D'Tut an dat waarmt Waasser leeën. E puer Minutte waarde bis de Schockela geschmolt ass. D'Waasser ofschëdden an dat war et schonn.
Komme mir lo zum absolutten Horror Moment beim Baken. Et huet een säin Deeg perfekt hikritt, de Kuch geet an den Uewen, geet richteg schéin op. Et hëlt een en aus dem Uewen raus an et ass een houfereg op säi Meeschterwierk. A wat geschitt? Et kritt een de Kuch net aus der Form. Bei mir d'Alarm Stufe rot... Wat kann een do dogéint maachen?
Fett är Bakform mat Botter an a stellt se 10 Minutten an de Frigo éier dir den Deeg an d'Form schëtt.
Rezepter
Et kënnt scho mol vir, dass een sou richteg Loscht op e Stéck Kuch huet. Wann een dann awer eleng ass, wëll een net onbedéngt e ganze Kuch baken, well dat fir een eleng vill ze vill ass. Wéi wier et da mat engem Tassenkuchen? Et ass net nëmme just fir eng Persoun, nee en ass och nach schnell an einfach gemaach a schmaacht richteg lecker. An dat Bescht: et brauch ee keen Uewen dofir. Wann dir mech frot, eng vun de leckerste Saachen, déi et gëtt... A fir dass dir dat selwer Doheem kënnt schmaachen, verroden ech iech mäin absolut Liblingsrezept:
Dofir braucht dir follgend Zutaten:
- 3 EL Miel
- 1 EL Zocker
- 1 TL Backpulver
- 1 TL Kakao
- 4-5 EL Mëllech
- 1 EL Ueleg
- 1 EL Nutella
- Topping (rout Friichten, Schockelasstécker,....)
Einfach alles vermëschen. Dat ganzt an enger klenger Schossel an d'Mikrowell stellen a fir eng Minutt bei 600W opbaken. Ee grousse Läffel Nutella (oder méi) an d'Mëtt maachen. Dat ganzt nach eng Kéier fir 30 Sekonnen an d'Mikrowell setzen. Dono kënnt dir ären Tassenkucken natierlech no Loscht a Laun dekoréieren. Ech maachen am léifsten rout Friichten a Schockelasstécker drop. Et voilà, e Kuch fir eng Persoun.
Wann een e bësse méi Honger huet, kann een dat Ganzt och e bësse méi grouss maachen. Dofir muss een d'Rezept just ganz liicht ze veränneren:
- 3 EL Miel
- 1 EL Zocker
- 1 TL Backpulver
- 1 TL Kakao
- 1 Pris Salz
- 1 EL Ueleg
- 4 EL Mëllech
- 1 Ee
D'Ee an den Zocker an enger Schossel vermëschen. Dann déi dréchen Zutaten, Miel, Zocker, Salz, Backpulver, Kakao dobäi maachen. Dës liicht op der Uewerfläch vermëschen. Dann den Ueleg an d'Mëllech dobäi maachen an dat Ganzt vermëschen. Zum Schluss kënnt dann den Nutella dobäi. Dat gutt vermëschen an da geet et schonn an d'Mikrowell. Dat fir 5 Minutte bei 900W. Zum Schluss kann een och hei säi Kuch nach dekoréieren, zum Beispill mat vill Nutella a Friichten.
Hei fann dir de passende Video, wéi een sou en Tassenkuchen ka maachen:
Fir d'Veganer hunn ech dann natierlech och e Rezept. A gleeft mir och als net Veganer, hunn ech dat Rezept richteg gären. Alles wat dir dofir braucht sinn:
- 3 EL Miel
- 1 EL Zocker
- 1 TL Backpulver
- 1 TL Kakao
- ½ Banann
- 4-5 EL Mëllech
- Topping (vegane Schockela, Friichten)
D'Banann einfach an enger klenger Schossel tripsen. Dann de Recht vun den Zutate dobäi maachen (ausser d'Toppings net) a vermëschen. D'Schossel an d'Mikrowell setzen a bei 750W wärend enger Minutt baken. Dann e grousse Läffel vegane Schockela an d'Mëtt maachen. Dat Ganzt nach eng Kéier an d’Mikrowell fir 30 Sekonnen. Toppings no Loscht a Laun als Deko drop maachen. A schonn hutt dir äre vegane Kuch ganz fir iech eleng.
Am Video gesitt dir genau wéi een sou en Tassenkuchen mécht:
Wat esou cool un deenen Tassenkuchen ass, ass dass een se all Kéiers aneschters kann gestallte. Et ginn esou vill verschidde Varianten, sou dass et och ni langweileg gëtt.
Last but not least, verroden ech iech dann nach d'Rezept vum Cheesecake deen ech mam Massimo zesummen op Antenn getest hunn. Dat Besonnescht un dësem Cheesecake ass, dass een deen net muss am Uewen opbaken. Dovunner ofgesinn huet een de Kuch richteg séier gemaach an et brauch een och guer net vill Zutaten dofir:
- 200g Botter-Kichelcher
- 85g Botter
- 500g Doppelrahmfrischkäse
- 50g Pudderzocker
- 25 cl Ram
- 1 EL Zitrounesaaft
- Frësch Hammbier
An enger grousser Schossel d'Doppelrahmfrischkäse dra maache fir dass dës Zëmmertemperatur kritt.
Zerbréckelt d'Botter-Kichelcher. Am Beschte geet dat mat der Deegrull. De Botter schmëlzen a bei déi kléng gehackte Kichelcher dobäi schëdden. Dat Ganzt vermëschen. Dës Mixtur einfach an d'Bakform maachen a mat engem Glas fest undrécken. Et kann een entweder e Bord maachen, et muss een awer net. Ech fannen et mat Bord besser. D'Bakform dann an de Frigo setzen.
D'Ram einfach steif schloen. Dann de Pudderzocker bei d’Doppelrahmfrischkäse schëdden a gutt vermëschen. Den Zitroune Saaft dobäi schëdden a lues a lues d'Schlagsan ënner hiewen.
D'Mixtur an d'Bakform op d'Botter-Kichelcher schëdden, a glat sträichen, fir ze vermeiden, dass Blosen ënnendrënner entstinn. An da geet et bis an de Frigo. Dat fir mindestens 4 Stonnen.
Fir ze zerwéiere kann een zum Beispill frësch Hammbier huelen, et kéint ee souguer higoen an e Coulis dobäi maachen. Loosst iech et schmaachen.
XX Yamina