E Freiden ass den Optakt de Garden Sounds 2023 am Jardin de Wiltz! Op der Affiche sti lëtzebuerger, awer och ganz vill international Acts.

Am Fong ass de Jardin de Wiltz e Konschtgaart, dee scho viru ronn 40 Joer vu Kënschtler*innen, Persoune mat Behënnerung a Gäertner*innen ugeluecht ginn ass. An och fir déi Leit déi d'Location gutt kennen - zum Beispill vun der Nuit des Lampions - lount sech e Besuch, well esou e Gaart sech natierlech mat der Zäit verännert an ëmmer erëm anescht ausgesäit. Vum 19. Mee bis den 10. Juni bidd de wonnerschéine Jardin de Wiltz d'Kuliss fir d'Garden Sounds!

RTL

© COOPERATIONS ASBL / Jenny Dederichs

Fir déi 4. Editioun brénge COOPERATIONS aus dem Weeltzer Prabbeli eng gutt Mëschung vu musikalesche Genres an nationalen an internationalen Acts op d'Affiche. Mat der Kannerliesung mam Christiane Kremer (4. Juni) an dem Ofschloss-Concert vun der Musikschoul Wooltz (10. Juni) ass och Programm fir Famille gebueden.

Aus lëtzebuerger Siicht ass nieft der Jazz-Soirée mam Michel Meis 4tet (3. Juni) an dem Experimental-Jazz- an Improvisatiouns-Owens mat der Kënschtlerin Sascha Ley (20. Mee), besonnesch den Opening-Optrëtt vum Maale Gars (19. Mee) ervirzehiewen.

Do freeë mir eis immens drop! De Maale Gars trëfft den Zäitgeescht zimmlech gutt. Jonk Leit si wierklech begeeschtert vun him an d'Songs déi hie mécht si ganz emotional. Hie bréngt seng eege Gefiller a Gedanke mat eran a mir sinn iwwerzeegt, dass seng perséinlech Musek perfekt an den intime Setting vun de Garden Sounds 2023 erapasst! (Anne-Marie Krettels, Kulturmanagerin COOPERATIONS ASBL)

Mat The Bankrobber aus Italien steet samschdes de 27. Mee dann deen éischten internationalen Act op der Bün am Jardin de Wiltz - hei erwaart iech nostalgeschen Indie-Rock mat engem Retro-Touch. Och nach um Line-Up mat dobäi si Cari Cari aus Éisträich, déi e gewëssene Western-Vibe mat op Woltz bréngen. Den Indie-Rock-Duo behaapt nämlech vu sech selwer, dass hir Musek kléngt, wéi wa se aus engem Tarantino-Film wier.

Ee weideren Highlight ass d'Aluminé Guerrero, eng argentinesch Sängerin dat awer a Frankräich lieft. Hatt verbënnt elektronesch Sounds mat Elementer aus der argentinescher Volleksmusek, déi hatt aus senger Kandheet kennt. Och dës interessant Elektro-Folk-Kläng kënnt dir op de Garden Sounds dëst Joer erliewen. (Anne-Marie Krettels, Kulturmanagerin COOPERATIONS ASBL)

Ticketen fir d'Garden Sounds 2023 kënnt dir iech op der Internetsäit vum Prabbeli sécheren! Do fannt dir och de ganze Line-Up an alleguer d'Informatioune fir nozeliesen. Falls dir iwweregens spontan decidéiert an de Jardin de Wiltz ze kommen, kritt dir och Billjeeën an der Oweskeess.