
© Unsplash
Wann iech déi Headline bekannt virkënnt, ass dat verständlech.
Eréischt 2019 goufen et schonn änlech Nouvellen iwwert en MMO (Massively Multiplayer Online) Spill baséierend op der legendärer Franchise. 2021 gouf de Projet dunn awer vun Amazon gecanceled.
Elo starte se nees een neie Versuch. Des Kéier ass et den Haus-eegenen Entwécklerstudio "Amazon Games Orange County" ("New World") deen et soll riicht béien.
Wéi genee dat Spill lo schlussendlech soll ausgesinn an a wéi enger Period vun der Geschicht vu Middle-Earth et wäert spillen, ass bis elo nach net gewosst. Amazon huet nämlech en Deal mat der "Middle-Earth Enterprises", déi d'Rechter vun der Franchise besëtzt.
D'Lizenz vun Amazon betrëfft allerdéngs net déi Haapttexter vun "The Lord oft the Rings", spréch d'Bicher.
Dowéinst huet och d'Prime Serie "The Rings of Power" an enger anerer Zéit wéi d'Bicher gespillt.
Dofir wäert warscheinlech och dat neit Spill, wann et dann tatsächlech jeemools komme sollt, leider net an der Zäit vum Frodo, Legolas a Kompanie Plaz huelen.