Dëst Joer fënnt schonn déi 12t Editioun vum Hip Hop Marathon statt. Mir ware bei eng Klass op Besuch.

Lauschtert hei de ganze Reportage

12 Joer ass et hier, dass den Hip Hop Marathon vun de Rotondes an d’Liewe geruff gouf. An Tëschenzäit sinn dann awer och nach de CAPE vun Ettelbréck an de Rocklab mat bei dësem Projet mat dobäi. An Zesummenaarbecht mam Educatiouns-Ministère an enger ganzer Rei Lycéen aus dem ganze Land, probéieren si jonke Leit de Volet Hip Hop mat all senge Facette méi no ze bréngen. D’Coordinatrice Amandine Moutier
 
"Et ass vill geschitt an deene ganze Joren. Ech sinn net déi éischt Persoun déi de Projet koordinéiert - ech mengen ech sinn déi drëtt Persoun an de Projet ass ëmmer méi gewuess an deene leschte Joren an et sinn och ëmmer méi Schüler mat dobäi. Fir dës Editioun hu mer dann och am ganze 14 Klasse mat dobäi. Et ginn am ganzen dräi Hip Hop Disziplinnen: de Rap, den Danz an de Graffiti. Et ass oppe vill all d'Lycéeën am Land mee et ganz spezifesch fir de Regime Preparatoire."

D’Klass déi mir begleet hunn, huet sech am Volet Rap ausprobéiert. Nodeems déi Jugendlech d’Rockhal an de Rocklab gewise kruten, hu si direkt ugefaangen hiert eegent Lidd ze prouwen. Dëst Lidd hate si an Zesummenaarbecht mat lëtzebuergesche Rapper Maka MC a Forsan an der Schoul geschriwwen.

"Also de ganze Prozess vu vir bis zum Schluss ass ganz faszinant well et sinn da ganz am Ufank vill Schüler dobäi déi sech nach net esou vill trauen an dann awer am Laf vum Projet iwwert sech erauswuessen an herno net méi vun der Bün wëllen erof goen."

RTL

© Eldoradio

Et huet een dann och ganz séier gemierkt dass de Schüler d’Zesummenaarbecht mat Leit aus der Zeen immens gutt gefall huet. Awer och iwwert d’Thema vun hire Lidder hate si sech am Virfeld selwer Gedanke gemaach an doropshin eben den Text geschriwwen. Dëser Grupp hiert d’Lidd heescht "Le Monde à l’envers".

"Mir krute jo gesot dass eist Lidd iwwert eis Welt sollt goen. Hei hu mir eis da fir d'Ëmwelt op eiser Welt entscheet. Hei krute mir dann och vill Hëllef vun eisem Artist Forsan. Hien huet eis immens vill Tipps gi fir dass mir och hei gutt eens géife ginn."

De ganze Projet wäert dann och op  verschiddene Büne presentéiert ginn, wou een da ka gesi wat d’Schüler an d’Schülerinne wärend deene leschte Méint zesummen op d’Been gestallt hunn. Mir kennen iech op jiddefalls recommandéiere laanscht kucken ze goen. Dat ganzt ass fir de Public dann de 25. Mee an de Rotondes a fir Schoulklassen de 26. Mee an de Rotondes, de 15. Juni am Cape zu Ettelbréck an dann och den 22. Juni op der grousser Bün am Club vun der Rockhal.