De Gesondheetsministère huet eng Campagne mam Motto "Protection is good for us" lancéiert.

Déi Campagne soll op d’Protektioun vu sexuell iwwerdrobaren Infektiounen opmierksam maachen. An dem Kader ass de “Condom Shop” entstanen. Do kritt ee gratis Kondomer an zousätzlech Informatiounen zum Sujet. De mobille Shop steet vu Mee bis Juli op verschiddene Platzen am Land.

Lauschtert eran!

D’Preventioun vu sexuellen Infektioune wier wichteg an iwwert d’Riske muss méi geschwat ginn. D’Weltgesondheetsorganisatioun huet erausfonnt, dass sech all Dag ronn 1 Millioun Leit op der Welt mat enger Geschlechtskrankheet ustiechen De Gesondheetsministère bericht, dass d'Zuel vun de gemellte STI (Chlamydien, Gonorrhoe a Syphilis) zu Lëtzebuerg vun 1.755 Fäll 2021 op 2.171 Fäll 2022 eropgaangen ass, wat enger Hausse vun 23,7% entsprécht.Chlamydien kéimen dobäi am heefegste vir. D’Zil ass de Reflex vum Kondom zeréck ze kréien.

D’Personal vum "Condom Shop" beriichten dass d’Initiativ gutt ukënnt, trotzdeem si vill Leit genéiert an am Ufank éischter skeptesch. Grad jonk Leit tendéieren och dozou nervös ze laachen. Et ginn awer och vill Leit déi d’Iddi hannert dem ganzen appreciéieren a gutt fannen.

Well sech d’Leit dacks nach, wat dee Sujet ugeet, genéiert fillen ass d’Sensibilisatioun an dem Kader nach méi wichteg. Jee méi doriwwer opgekläert a geschwat gëtt, desto manner Leit schummen sech a kënnen sech dann richteg mam Thema ausernee setzen.

Op der Verpackung vum verdeelte Kondom, konnt een ee QR Code scannen a weider Informatiounen zu STIen kréien. Sou gëtt erkläert, dass bei de mannste sexuell iwwerdrobaren Infektioune siichtbar Symptomer opdauchen. Trotzdeem kënne schwéier Schied entstoe wéi Onfruchtbarkeet bei Chlamydien, Kriibs bei enger Infektioun vum Papillomavirus oder Aids bei der HIV Infektioun. Grad dowéinst ass Protektioun esou wichteg. Déi meescht STIen si behandelbar mee fir rauszefannen ob ee betraff ass muss een sech och reegelméisseg teste loossen.