Vill hunn et scho vermutt, elo ass et offiziell : de PvE1 Modus vun Overwatch 2 ass Geschicht.

Mir erënneren eis: wéi Overwatch 2 eraus komm ass, hu vill Spiller net verstanen, wat déi '2' am Titel vum Spill eigentlech soll. Op den éischte Bléck konnt een, ofgesi vun e puer Ännerungen, am normale PvP1 Modus an e puer Updates vun der Grafik, net wierklech vill Neies erkennen. Dat Schlëmmst dorunner war, dass vill vun den Ännerunge bei de Spiller net ganz gutt ukomm sinn. Sou gouf zum Beispill d'Unzuel vun de Spiller pro Match vu 6 op 5 reduzéiert a verschidde Spillmodussen, déi am Fong beléift waren, goufen aus dem Overwatch 2 geläscht.

Entschëllegt gouf dat Ganzt mam Versprieche vun engem groussen a komplette PvE Modus, mat Story, Charakteren, déi ee levelen an entwéckele kann, individuelle Geschichte fir déi verschidden Helden an esou weider. Dëse Modus sollt spéider lancéiert ginn.

RTL

Esou sollt de Charakter-Bildschierm am PvE Modus ausgesinn… / © Youtube Screenshot

Dorausser gëtt awer elo näischt. An engem Livestream hunn den Aaron Keller an den Jared Neuss, d'Produzenten bei Blizzard, erkläert wat geschitt ass: "Mir hu missten e puer schwéier Decisiounen huelen. Mir hunn eis gefrot, ob mir elo all déi Zäit an Energie an de PvE stiechen sollen, an der Hoffnung, de Modus vläicht dach enges Daags kënnen ze lancéieren, oder ob mir eis un déi Valeuren sollen halen, déi eis wichteg sinn, an eis op d'Livegame konzentréieren?"

D'Entwéckler wieren sech bewosst, dass dës Nouvelle fir vill Leit eng Enttäuschung wier. Si hätten sech awer missen agestoen, dass déi Visioun, déi se fir de PvE haten, einfach net ëmsetzbar ass.

De PvE ass awer net komplett dout: dëse soll elo a periodesche Mini-Missiounen, wéi een se scho bei Overwatch 1 kannt huet, eraus kommen.

RTL

Och am Overwatch 1 goufen et schonn e puer PvE Missiounen / © Youtube Screenshot

Wéi een op der Roadmap, déi och verëffentlecht gouf, konnt gesinn, soll an der Saison 6 domadder ugefaange ginn. D'Spill befënnt sech aktuell an der Saison 4. Déi schlecht Nouvelle dobäi ass, dass dës Missioune mam Battlepass2 verbonne solle ginn. Allerdéngs ass net gewosst ob ee muss d'Premium Versioun vun dem Battlepass hunn, fir dës kënnen ze spillen. Déi kascht nämlech 10 EUR all puer Wochen.

Ausserdem kéint dëse System probéieren, de sougenannte "FOMO"3 vun de Leit ze exploitéieren, wann een da grad déi Zäit, wou dës Missiounen online sinn, net spille kann.

RTL

Kéinnt de Battlepass an Zukunft och Missiounen enthalen? / © Youtube Screenshot

D'Reaktioun vun de Fans op dës Nouvelle war net ganz positiv. Zënter dass Overwatch 2 eraus komt ass, huet et duerch den neie System fir d'Suen duerch de Battlepass ze maachen, souwisou scho ramouert. Vill Leit hu spekuléiert, dass déi ganz "Overwatch 2"- Geschicht am Fong nëmmen en Moyen wier, fir de Spiller de gläiche Produit eng zweete Kéier ze verkafen.
De Stylosa, ee vun de bekanntsten Overwatch-Youtuber, huet sech op Twitter zu Wuert gemellt: "Am Overwatch 2 sollt een eng voll ausgebaute Campagne, eng Helden-Entwécklung, en Talent-System, a Villes méi hunn. An elo gëtt dës Iddi zerstéiert fir de miserabelen F2P4 System auszebauen. Wat fir eng schrecklech Situatioun."

Vill Leit bezweifelen elo, ob sech dat Spill, dat jo schonn am Fong säit 2016 um Marché ass, ouni den erhoffte PvE Modus nach ka laang um Liewen halen.
Wann een an Uecht hëllt, dass den Deal mat Microsoft am Moment e puer Problemer huet, kéint de Verloscht vun Overwatch staark Repercussioune fir den Entwéckler hunn. Fir Fans vun der Franchise gesäit d'Zukunft op alle Fall am Moment net ganz roseg aus.

RTL

D’Zukunft vun Overwatch ass net iwwerwältegent… / © Youtube Screenshot

1) PvE/PvP: Player vs Environment: en Spill bei dem een net géint aner Mënschen, mee géint de Computer spillt. Player vs Player: e Spill an deem ee géint aner Mënsche spillt.

2)Battlepass: e System, bei deem de Spiller eng Fix Lëscht vu Belounung fir seng Zäit kritt. Dëse System ass oft mat der Méiglechkeet verbonnen, verschidde Beloununge méi séier fräi ze schalten an deem s een extra dofir bezilt. Déi meescht Spiller hunn eng "gratis" Versioun, mat manner oder méi schlechte Belounungen, an eng "Premium" Versioun, mat bessere Belounungen, déi awer kascht.

3)FOMO: Fear of Missing Out: d'Angscht, eppes ze verpassen. Dëst ass e System, bei deem verschidden Elementer vun engem Spill nëmmen zu gewëssen Zäite verfügbar sinn. Dat soll de Spiller dann Drock maachen, méi zu dësen Zäiten ze spillen.

4) Free to Play: en Spill, dat kee Basis Präis huet an duerch aner Moyene Sue mécht.