
© Pexels
De Konsumenteschutz-Ministère huet iwwer d’Rechter vun de Passagéier informéiert wann e Fluch annuléiert gouf, respektiv wann e Fliger Retard hat.
Wann de Fluch annuléiert gouf, dann huet de Passagéier zwou Optiounen:
Entweder et kritt een säin Ticket rembourséiert. Et muss een dann déi betraffen Airline kontaktéieren. Déi zweet Optioun ass en Ersatzfluch mat änlechen Transport-Konditioune bannent engem gewëssenen Delai.
Als Passagéier huet een d’Recht op Gedrénks, op en Iesse mat enger eventueller Iwwernuechtung an op 2 gratis Telefonater. Falls een dës net ugebuede kritt, kann ee bei der Airline de Remboursement vun de Käschten, déi ee selwer gedroen huet, ufroen.
Dat gëtt et den anere Fall: wann de Fluch Verspéidung huet. Da ginn et e puer Optiounen: De Passagéier huet d’Recht op een Iessen a Gedrénks an zwee Telefonater. Do ginn et awer speziell Konditiounen.
Et muss sech entweder ëm e Fluch handele vu manner wéi 1.500 km, deen iwwer 2 Stonne Verspéidung hat. Oder et muss sech ëm e Fluch vun iwwer 1.500 km bannent der EU handelen, dee méi wéi 3 Stonne Verspéidung huet. Betraff wier och e Fluch tëscht 1.500 an 3.500 km deen iwwer 3 Stonne Verspéidung hat. Et kann och e Fluch ausserhalb vun der EU mat iwwer 4 Stonne Verspéidung sinn.
Wann de Fluch méi wéi 5 Stonne Verspéidung huet, dann dierf de Passagéier säin Ticket rembourséiert kréien. Do ass et dann egal wéi wäit de Fluch ass. Mee wann een an engem Hotel huet missen iwwernuechte fir op de Fliger ze waarden, soll een am beschten d’Ticketen halen an de Remboursement bei der Fluchgesellschaft ufroen.
E weidere Schuedenersatz ass awer net méiglech, wann d’Annulatioun duerch aussergewéinlech Ëmstänn geschitt ass.
D’Airline huet bis zu 2 Méint Zäit fir dem Konsument ze äntweren. Wann een net mat der Äntwert zefridden ass, kann een eng Plainte beim Konsumenteschutz-Ministère maachen.