Mortal Kombat ass nieft "Street Fighter" an "Tekken" wuel dat ikoneschst Kampfspill iwwerhaapt. 1992 huet et duerch seng aussergewéinlech Brutalitéit d'Video-Spillwelt schockéiert. Mëttlerweil ginn et schonn iwwer 20 Spiller an der Serie, dorënner 11 mat enger (méi oder wéineger) zesummenhänkender Geschicht. Opgehalen huet d'Serie mam Spill "Mortal Kombat 11 : Aftermath", dat mat engem Choix vum Spiller : sou konnt een entweder d'Säit vum Liu Kang, dem Feier-Gott, oder dem Shang Tsung, engem vun den Haapt-Antagoniste vun der Serie, wielen.

Fir dee ganzen Duercherneen, bei deem et ënner anerem em Zäitreesen a Multiverse gaangen ass, rëm e bësse méi ze strukturéieren, schéngen d'Entwéckler sech entscheet ze hunn, d'Timeline erëm vu vir ufänken ze loossen. Wéi een am neien Trailer gesäit, wäert den nächste Mortal Kombat net d'Nummer 12 sinn, mee ganz einfach den Titel "Mortal Kombat 1" hunn. Dass dat Ganzt net en einfache Reboot ass, gëtt allerdéngs séier kloer.

Hei kënnt dir iech selwer en Bild maachen :