
© PETER PARKS / AFP
Vun 2023 bis 2027 soll et esou waarm gi wéi nach ni virdrunn. Déi global Temperature kéinte scho gläich d’1,5-Grad-Zil vum Paräisser Ofkommes depasséieren.
An deenen nächste Jore soll et esou waarm gi wéi nach ni virdrun. Dat huet d'Weltorganisatioun fir Meteorologie matgedeelt. D'Joren 2023 bis 2027 sollen de Vereenten Natiounen no mat grousser Warscheinlechkeet déi wäermst 5 Joer ginn. Et besteet eng 98-prozenteg Warscheinlechkeet, dass op mannst ee Joer vun deene 5 Joer dat wäermst Joer zënter dem Ufank vun der Wiederopzeechnung wäert sinn, esou d'WMO.
Déi global Temperatur géint deemno scho gläich d'1,5-Grad-Zil vum Paräisser Klimaofkommes depasséieren. Déi wäermsten 8 Joer, déi jeemools opgezeechent goufen, louchen all tëschent 2015 an 2022. De Prognose vun de WMO no, wäerten Temperaturen awer nach weider klammen.
Nieft dem Klimawandel ass och d'Wiederphenomen El Niño fir d'Hëtzt verantwortlech. Et rechent een nämlech an deenen nächste Méint mat dësem Wiederphenomen. El Niño trëtt all zwee bis siwe Joer op a kann déi global Temperatur zousätzlech erhéijen. Genee gesot, ass dëst Wiederphenomen eng Erwiermung vum Uewerflächewaasser am Pazifeschen Ozean. Meeschtens feiert dat zu staarker Dréchent an Australien, Indonesien an Deeler vu Südasien. Gläichzäiteg kënnt et a verschiddene Regiounen Afrika, Südamerika, am Süde vun den USA an Zentralasien zu staarkem Reen. El Niño ass déi leschte Kéier 2018 an 2019 opgetrueden.
Zur Erënnerung: fir ee Klimawandel mat katastrophale Folgen ze verhënneren, gouf 2015 am Paräisser Klimaofkommes decidéiert d'Äerderwiermung däitlech ënnert 2 Grad ze halen an am beschten op 1,5 Grad ze begrenzen, dat am Verglach zu der Zäit virun der Industrie. Dës Grenz kéint also gläich erreecht sinn.