Wa mir erkaalt sinn oder de Kapp wéi hunn, hu mir dacks Tendenz selwer Medikamenter ze huelen ouni eis vill Froen ze stellen.

Mir hunn den Apdikter Pierre Weber gefrot wat dann den Ënnerscheed tëscht de verschiddene Medikamenter géint Péng ass.

Lauschtert eran!

Paracetamol wierkt nëmme géint Péng a Féiwer. Ibuprofen gëtt géint Péng, Féiwer an Entzündungen agesat. Aspirin gëtt géint och géint Péng, Féiwer an Entzündungen agesat mee et mécht och d’Blutt méi dënn, esou de Pierre Weber, Apdikter vu Rëmeleng.

Allgemeng verdréit de Kierper Paracetamol besser well d’Medikament manner Niewewierkunge wéi Ibuprofen huet. Paracetamol kann een op eidelem Mo huelen, Ibuprofen net wann een en empfindleche Mo huet. Wann een Ibuprofen huele muss, a Probleemer mat Mosaier huet, soll een zousätzlech ee Medikament huelen. Dat muss ee mam Dokter kucken. Wann een also erkaalt ass, Kapp wéi huet, oder ënner Reegel-Péng leit, soll ee fir d’éischt Paracetamol huelen. Wann also eng Entzündung dobäi ass wéi Arthrose hëlt een Ibuprofen.

Ganz dacks gi jo Paracetamol an Ibuprofen zesumme verschriwwen. Tëscht all Prise muss ee 4 Stonnen anhalen. Dowéinst kritt een dann heiansdo verschriwwen eemol Paracetamol ze huelen an dann z.b. 2 Stonne méi spéit Ibuprofen huelen. Erwuesse Leit solle maximal 4 Gramm Paracetamol den Dag anhuelen. Beim Ibuprofen ass et maximal 2,4 Gramm den Dag. An et soll een se nëmmen eng begrenzten Zäit huelen, ausser den Dokter hätt et anescht verschriwwen. Besonnesch bei Paracetamol ass nämlech eng Iwwerdoséierung geféierlech an et riskéiert een seng Liewer uerg ze beschiedegen.

Aspirin kann ënner anerem Bluddungen ausléisen, dowéinst gëtt d’Medikament vill manner dacks bei Péng agesat. Et muss een natierlech allgemeng och op Niewewierkungen oppassen, virun allem wann een aner Krankheeten huet.

Paracetamol kann een ouni Prescriptioun a begrenzter Quantitéit an der Apdikt kréie genee esou wéi Ibuprofen. Fir méi héich Doséierunge brauch een en Rezept. Aspirin kritt een och ouni Ordonnance.

Wann een sech net sécher ass, soll ee mat sengem Dokter oder mat sengem Apdikter schwätzen.