Si Videospiller Konscht?

Dat ass wuel déi Fro, déi scho säit dem éischte Pixel, deen op engem Bildschierm duergestallt gouf, gestallt gëtt. An se ass berechtegt. Kann ee Spiller, wéi zum Beispill "Fifa" oder "Call of Duty", wierklech als Konscht bezeechnen? Heiansdo fënnt een dann awer Spiller, déi esou wonnerschéin an esou aussergewéinlech sinn, dass d'Fro sech scho bal selwer beäntwert: selbstverständlech si Videospiller Konscht. Ech denken do un Titelen, wéi zum Beispill "Journey", "Abzu" oder "Sable". An ab elo och "Planet of Lana".

"Planet of Lana" ass ee vun deene Spiller, dat engem weist, dass et net ëmmer drëm goe muss fir esou fotorealistesch wéi méiglech ze sinn. Schéinheet kann sech a ville Forme weisen. Vum éischte Moment un, an deem ee "Planet of Lana" umécht, gëtt een iwwerwältegt vun der wonnerschéiner Präsentatioun. All d'Elementer vum Spill si mat der Hand gezeechent, wat een och gesäit. De bloen Himmel iwwert dem Mier, déi gréng Hecken am Hannergrond, d'Dünen an der onendlecher Wüüst: all eenzel Plaz gesäit aus wéi en Konschtwierk, dat an engem Musée hänke kéint. Dat Ganzt ass dann och nach mat vill Léift animéiert ginn, an esou stéiert et absolut guer net, dass d'Spill "nëmmen" en Sidescroller* mat vereenzelten 3D Elementer ass. Ënnerstrach gëtt dat ganz dann och nach mat engem emotionale Soundtrack, deen zu de beschte gehéiert, déi ech des Lescht héieren hunn.

RTL

"Planet of Lana" as en visuellt Meeschterwierk. / © Youtube Screenshot

D'Präsentatioun vu "Planet of Lana" ass also fantastesch. A wéi ass et mam Rescht vum Spill? Dee brauch sech definitiv och net ze verstoppen. D'Geschicht ass relativ simpel a gëtt virun allem visuell erzielt: et ass een, wéi een sech et schonn denke kann, d'Lana - en jonkt Meedchen, dat a sengem friddleche Fëscherduerf wunnt, an op eemol gëtt säi Planéit vu Maschinnen-aartege Wiesen ugegraff. Seng Schwëster an all aner Bewunner ginn entfouert, an d'Lana ass als eenzegt iwwreg bliwwe fir se all nees ze retten.

Am Kär ass "Planet of Lana" en Platformer. Dir laaft, sprangt, klotert a krabbelt also haaptsächlech duerch déi verschidden Zenarien. Dozou kommen zwee weider Elementer: Stealth a Puzzlen. D'Lana fënnt wärend senger Aventure en Kazen-änlecht Wiesen, d'Mui. Dëst Wiesen huet verschidde Fäegkeeten, déi engem hëllefen sech virun de béisaartege Maschinnen ze verstoppen. D'Lana selwer kann sech nämlech net wierklech wieren, a muss dowéinst all Méiglechkeet notzen, fir seng Géigner ofzelenken oder net erwëscht ze ginn. Dat heescht d'"Kampf"-Element, wéi een et aus aner Platformer, wéi "Super Mario", "Rayman" oder "Ori" kennt, feelt hei. Spiller, déi sech un "Limbo" erënneren, wäerten sech hei direkt erëm fannen.
Donieft muss d'Lana eng Rëtsch vu Rätsele léisen. Dës gi wärend dem Laf vum Spill och ëmmer méi schwéier, dat heescht och wann "Planet of Lana" lo net wierklech en Puzzle-Spill ass, dierften d'Spiller, déi gär hiert Gehier bëssen aktivéieren, och op hier Käschte kommen. Et ass och virun allem duerch dës Rätselen, dass ee lues a lues méi iwwert de Planéit an déi mysteriéis Maschinne gewuer gëtt, déi en iwwerfall hunn.

RTL

Wat wëllen d’Maschinnen vun éis? / © Youtube Screenshot

"Planet of Lana" ass also en wonnerschéint Spill, dat duerch eng iwwerwältegend Präsentatioun, en emotionale Soundtrack an eng inspiréiert Approche un de Platformer Genre iwwerzeege kann. Déi eenzeg schlecht Nouvelle ass, dass et just um Steam a fir d'Xbox ze kréien ass. Nintendo a Sony Fans ginn also leider eidel aus. Wann een awer berécksiichtegt, dass d'Besëtzer vun der Xbox an deene leschte Wochen a Méint net all ze vill iwwerzeegend Exklusiv-Titel haten, kann een hinnen "Planet of Lana" awer sécher gënnen. Besonnesch, well d'Spill fir Besëtzer vum Gamepass gratis ass.

*Platformer: e Spill wat virun allem säitlech ofleeft a keng fräi Kamera huet.