Dacks ass et bëssi onbequeem wann ee just mat engem Duch op de Strand geet. Mat sengem Plage-Set wëll d'Mini-Entreprise "Beachtime" dat änneren.

D’Zil vun der Mini-Entreprise "Beachtime" ass et de Leit hir Zäit um Strand méi bequeem ze maachen. 9 3ème-Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch haten d’Iddi e Produit, deen et scho gëtt ze verbesseren. Den Evan, Alessandro, Xavier a Mathis waren am Eldoradio-Interview fir hire Produit virzestellen.

Lauschtert eran!

Et handelt sech ëm Plagendicher mat verschiddene Charakteristiken:D'Haaptcharakteristik sinn Drockknäpp, déi iwwerall um Duch dru sinn, un all Eck ass e Drockknapp. Et kritt een nach e Piquet dobäi esou dass d’Duch net méi fortflitt.

Déi Täschen hëllefen also seng Saachen op d’Plage ze transportéieren. Et kann een nämlech perséinlech Géigestänn dramaachen. Mat den Drockknäpp kann een och méi Dicher uneneeklicksen. An dann huet een och en opblosbaart Kësse mat dran. D'Duch ass aus Mikrofaser an 2 Meter 30 laang an 1 Meter 10 breet wann een d’Optioun vum Këssen hëlt, dann ass ee bei 2 Meter Fläch.

RTL

© Eldoradio

D'Täsche gi beim Centre Autisme Lëtzebuerg produzéiert, bis ewell goufen 150 Täsche bei hinne produzéiert, Dicher produzéiert d'Mini-Entreprise selwer.

D’Zil wier et dann och en Deel vum Erléis ze spenden, esou d’Schüler. Wann een dann intresséiert ass, ginn et e puer Méiglechkeete wéi un esou en Duch kënnt: Et kann een einfach op Instagram an op Facebook schreiwen, et kann een och eng Mail maachen, op beachtime.lux@gmail.com. Et ass awer och méiglech e Formulaire auszefëllen: hei kann een d’Faarf vum Duch a vun de Knäpp a vum Këssen eraussichen an da gëtt dat produzéiert.

Iwwregens ass d’Mini-Entreprise "Beachtime" an der Finall vun de Mini-Entreprisë vun de jonken Entrepreneuren zu Lëtzebuerg. Den 8. Juni gëtt dann de Produit virgestallt.

E Set kascht 39,95 Euro + 5 Euro wann een alles personaliséiert.