
Peter Fox / © Felix Broede
En Dënschden huet d'Gemeng Diddeleng op eng Pressekonferenz agelueden, fir hire kulturelle Programm fir de Summer 2023 ze presentéieren!
Ënnert anerem goufen et lescht Detailer iwwert den Open Air Festival USINA an d'Fête de la Musique 2023. Virop huet den John Rech awer ervirgehuewen, wéi schwéier et ginn ass, esou grouss musikalesch Events ze organiséieren. An deene leschte Joren hätt de ganze Musekscircuit sech drastesch verännert. Esouwuel d'Präisser fir Bands ze buchen, ewéi och d'Montanten déi een haut fir Techniker*innen, Bünen a Catering misst bezuelen, wieren explodéiert. Eleng bei der Organisatioun vun der Fête de la Musique vun dësem Joer misst ee vis-à-vis zu der Editioun 2019 mat 50% bis 70% méi Käschte rechnen, esou den Direkter vum CCRD Opderschmelz.
Fête de la Musique Dudelange
Trotzdeem géif ee sech enorm drop freeën, de 17. Juni zesumme mat ganz ville Musekbegeeschterten déi 30. Editioun vun der Fête de la Musique ze feieren. Op am Ganze 14 Bünen wäerten deen Dag mat Tuys, Maz, Pleasing, Next Deed oder The Tangerine Trees richteg vill lëtzbuerger Bands dobäi sinn. Natierlech ginn et och erëm ganz vill méi onbekannt Kënschtler*innen ze entdecken. Besonnesch kënnt dir iech hei op Saint Chaos freeën - en däitschen Alternative-Rock-Duo vu Berlin, dee momentan um beschte Wee ass ganz grouss erauszekommen. Als Headliner stinn nieft Stephan Eicher a K's Choice och déi zwee däitsch Acts Clockclock a Kamrad zu Diddeleng op der Bün. Hei dierf ee gespaant sinn, wéi si hir grouss Radiohits "Brooklyn", "Someone Else" a "Feel Alive" live performe wäerten! De musikalesche Programm vun der Fête de la Musique 2023 geet bis 1:00 Auer, duerno gëtt an den Diddelenger Caféen bis 3:00 Auer weidergefeiert. Den Entrée ass wéi gewinnt gratis.

Open Air Festival USINA
Den 3. a 4. Juni ass dann déi zweet Editioun vum Open Air Festival USINA um Site vun der Neischmelz zu Diddeleng. Fir dee Weekend erwaarden den John Rech a seng Ekipp knapps 10.000 Leit. Als grouss Headliner stinn um USINA dëst Joer Peter Fox, Interpol an Triggerfinger op der Affiche. Donieft ginn et awer och interessant nei Kënschtler*innen ewéi Altin Gün, Blond oder Mayberg ze entdecken. Op der Pressekonferenz huet den Direkter vum CCRD Opderschmelz déi gutt Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddene bedeelegten Acteuren a Partner gelueft. Ausserdeem huet hien e puer interessant Fakten zum Peter Fox sengem Optrëtt genannt. Esou wäert den däitsche Museker mat engem Entourage vun am Ganzen 105 Persounen ureesen. Dozou gehéieren zum Beispill 10 Dänzer*innen an e ganze Fraechouer mat 40 Persounen. Stagetime fir de Peter Fox ass iwweregens 21:30 bis 23:00 Auer!
Concerten "Ënnert dem Waassertuerm"
Eng kleng Info gouf et dann och nach wat Concerten zu Diddeleng "Ënnert dem Waassertuerm" ugeet. Hei gouf fir den 10. September jo schonn den däitsche Rapper Marteria ugekënnegt. Och fir den 8. September wäert ganz geschwënn e weideren Act annoncéiert ginn.